Virun der Ouverture vun hirem weltwäit éischte Buttek zu Paräis ass Shein wéinst dem Verkaf vu Sexpoppen, déi ausgesi wéi Kanner, ënner Drock geroden.

Konsequenz dovun ass de weltwäite Verkafsstopp vun de concernéierte Produiten. Déi asiatesch Online-Verkafsplattform hätt all Artikelen a Biller op hire Säite geläscht, heescht et an engem Communiqué. Hir schwaarz Lëscht mat Stéchwierder, fir Vendeuren nei Alternativen z'erméiglechen an d'Reegelen z'ëmgoen, wier erweidert ginn, sou Shein.

Vertrieder vun der Entreprise hätte bannent zwou Woche virun enger parlamentarescher Enquêtëkommissioun missen erschéngen, hat den zoustännegen Deputéierten Antoine Vermorel-Marques e Méindeg zu Paräis virum Verkafsstopp matgedeelt. "Keen ekonomeschen Acteur steet iwwer dem Gesetz", hat hien op X betount.

Virdrun hat den Ekonomiesminister Roland Lescure gedreet, Shein den Accès op de franséische Marché ze refuséieren. "Wa sech dat widderhëlt, wäert ech dat an d'Weeër leeden", sot de Lescure dem Sender BFM mat Bléck op d'Sexpoppen, déi ausgesi wéi Kanner. D'Beoptraagt fir Kanner Sarah El-Haïry hat d'Poppe "pedokriminell Objete" genannt an hat rechtlech Schrëtt géint weider Plattformen annoncéiert.

"Shein litt", hat de President vun engem Kannerschutzveräin, den Arnaud Gallais kritiséiert. Déi ëmstridde Poppe kéinte weiderhin op hirem Site kaf ginn. Eng geschützt Internetverbindung géing duer goen, fir se a Frankräich liwweren ze loossen.

Déi franséisch Anti-Bedruchsautoritéit huet e Samschdeg d'Justiz informéiert. D'Sexpoppen, "déi ausgesi wéi Kanner", wieren op eng Aart beschriwwen, datt um "pedopornografeschem Charakter" kaum ze zweiwele wier. D'Entreprise hat de selwechten Dag matgedeelt, d'Poppen aus dem Sortiment geholl ze hunn. Et géing ënnersicht, wéi d'Annoncen op d'Verkafsplattform koumen an intern Kontrollen ëmgaange konnte ginn.

Donieft ass bekannt ginn, dass déi franséisch Autoritéiten weider Sitten am Viséier hunn, dorënner AliExpress, well do änlech dubiéis Artikele sollen ugebuede ginn.