
RS – déi zwee Buschtawe sti bei Skoda scho laang fir déi méi sportlech Modeller. An neierdéngs gëllt dës och fir d’Elektro-Gamm; nom Enyaq gëtt elo den Elroq mat enger RS-Versioun gekréint. De Paul Origer huet fir eis op der Presentatioun zu Prag erausfonnt, wéi sportlech den neien Elroq RS tatsächlech ass.
Den Elroq verkeeft sech wéi waarm Bréidercher a war am Abrëll de Bestseller ënnert den Elektroautoen. Domat huet hien de Label RS och verdéngt, no Octavia, Kodiaq an Enyaq ass hien dee véierte Sportler an der Skoda-Famill.
Den Design
Et muss ee scho gutt kucke fir vu baussen den RS ze entlarven; wann et net grad den opfällege Mamba Green-Lack ass, da sinn et déi diskret Logoen, d’Applikatiounen am blénkeg-schwaarze Plastik, déi speziell Felgen oder den nei geformte viischte Pare-Choc, déi den Top-Elroq verroden.
Den Interieur
RS Lounge nennt sech hei den Design; dat heescht ënnert anerem Sportsëtzer, Alcantara, Carbon-Look an e speziellt Steierrad mat Paddelen. Virun allem ass den RS quasi komplett equipéiert; deier Optiounen wéi zum Beispill den Headup Display, de Soundsystem, elektresch Massage-Sëtzer a Matrix-LED-Phare sinn d’office u Bord.
Den Undriw
RS heescht fir mech natierlech de Summum a punkto Leeschtung. Mat 250 kW oder och nach 340 PS ass dat dann och de Fall, verglach mam zweetdéckste Modell 85 sinn dat awer just e plus vu 40 kW. Ëmmerhin sprint den RS awer iwwert eng Sekonn besser op 100, an zwar an nëmmen 5,4. An dat, ouni elo iwwerméisseg un der Autonomie ze suckelen; am Géigendeel; den RS packt esouguer theoretesch 4 Kilometer méi, am ganzen 549. Bei 180 km/Stonn ass Schluss, geluede gëtt de 84 kW-Stonnen-Akku mat maximal 185 kW.
Op der Strooss
Wien sech ee briethaarde Sportler ouni Kompromësser erwaart, dee brauch net méi weider ze liesen. Den Elroq RS ass nämlech éischter ee gutt equipéierten a motoriséierten Elektroauto, deen am Alldag mat senger exzellenter Fiederung a ville prakteschen Talenter ze gefale weess. Wat net heescht, dat e langweileg ze fueren ass; Beschleunegen deet en immens gutt, d’Modifikatiounen um Fuerwierk an un der Steierung hu mat Feedback a neutralem Verhale gutt gefall. Och d’Ambiance am Banneraum straalt schonn eng gewësse Sportlechkeet aus. Den Elroq huet awer ee Problem, dat ass de Speck. Iwwer 2.2 Tonnen ze manövréieren a virun allem ze bremsen, dat ass net esou einfach, besonnesch wann d’Fiederung scho bal ze mëll ass.
Am Résumé
Den Elroq RS ass op d’mannst genee esou gutt wéi seng e bësse méi brav Bridder, bitt awer nach de klenge Krack méi Exklusivitéit a Fuerspaass. Dee léisst sech Skoda awer relativ gutt honoréieren; verglach mam zweetstäerksten Elroq si fir den RS iwwer 6000 Euro méi fälleg. Dofir ginn et dann awer och Allrad, méi Leeschtung a méi Equipement.