Am Automag vun haut kucke mer eis de BMW iX am Detail un. Dëse krut nämlech e Facelift spendéiert. A wat nei ass, a wou de Schong nach dréckt, weess den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp.

28/07/2025 Automag

2021 ass de BMW iX eraus koum, ma ech sinn éierlech, esou dacks hunn ech en net op eise Stroosse gesinn. An dat net well en net gutt gewiescht wier, mee de speziellen Design an dat gepeffert Präisschëld dierften de Krees u potentielle Keefer staark limitéiert hunn. Domat war den iX de perfekte Kandidat fir e Facelift.

An do gëtt et dann och optesch Korrekture, wann een dat esou soe kann?

Nieft méi Leeschtung a Reechwäit – dozou gläich méi – gëtt et e puer kleng Ännerungen un de Front. De grousse Grill ass bliwwen, ma e gëtt awer elo nei agefaasst an erënnert e bëssen un den X3. E Bléckfang ass mat Sécherheet, dass d’Nier beliicht ass. A wou mer bei der Beliichtung sinn: d’Phare kruten eng nei Liichtsignatur. Fir de Rescht bleift praktesch alles beim Alen, och Bannendra, wou et elo nei Sëtzpolster gëtt.

Du hues d’Leeschtung ugeschwat. An do gëtt et wuel éischter méi wéi manner?

Jo, an dat fir all d’Variante vum iX. Domat net genuch: och d’Modellbezeechnunge goufen entspriechend ugepasst: eisen Testauto, en iX xDrive60 war bis virum Facelift nach en xDrive50. Fir der eng Iddi ze ginn: virdru louch d’Leeschtung bei 523 Päerd, elo sinn et der 544. An och déi 765 Nm Dréimoment, déi 4,6 Sekonne bis Tempo 100 an d'Spëtzt vun 200 km/h schwätzen eng däitlech Sprooch.

Deemno dierften d’Kilometer séier schmëlze wann een e schwéiere Fouss huet...

Méi Leeschtung heescht och méi Verbrauch: am Fall vum xDrive 60 schwätze mer vun engem Plus vun 0,6 kWh/100 km. Um Pabeier stinn 21,9 kWh/100 km. Am Test louch ech mat 22 kWh/100 praktesch exakt op dësem Wäert. Laut Tripcomputer ass awer manner méiglech: iwwert déi lescht 2.300 km waren et 20,1 kWh/100.

Wéi wäit kënns de da mat enger Batterie?

Tëscht voll an eidel leien iwwer 500 Kilometer. En uerdentleche Wäert, fir deen eng 109 kWh grouss Batterie responsabel ass. Geluede gëtt mat maximal 195 kW . Dat ass gutt, awer dat wat hautdesdaags méiglech ass, ech denken do zB un e Smart #5 (400 kW) oder Mercedes CLA (320 kW).

Wéi fält dann däi Fazit aus?

BMW huet besonnesch bei der Technik nogeschäerft, also do, wou d’Entwécklung am séiertste viru geet. Optesch bleift et bei engem Design dee polariséiert, ma d’Fuerleeschtungen, de Konfort an d‘Ekipement kënnen d’Erwaardungen un en Auto an dëser Präisklass méi wéi erfëllen. Den iX xDrive60 steet mat 99.111 Euro an der Präislëscht.

+ zeréckhalend Assistenzsystemer

+ Confortabelt Fuerwierk

+ Kombinatioun aus Leeschtung a Reechwäit

- Héije Präis

- Verschachtelt Armaturebried

- Vill Héichglanzflächen am Banneraum