Haut am Automag e Bestseller vu Mazda. De Mazda 6 kenne mir alleguer, mee elo dann eng nei Generatioun am Showroom. An do huet sech de japanesche Konstrukteur dofir decidéiert dass deen a senger neister Form elo nach just reng elektresch ugebuede gëtt. De Christian Schmit war op der Presentatioun an Däitschland mat dobäi.

Bonjour. Jo de Mazda 6, e Modell aus der Mëttelklass huet tatsächlech op der ganzer Welt Carrière gemaach, a kënnt an tëscht op 4 Milliounen Exemplairen. Elo dann als Mazda 6e am Geescht vun der Zäit mat E-Power, an nom bescheidenen Erfolleg mam MX-30, de Renouveau.

RTL
RTL
RTL

Wéi presentéiert sech dee Neien dann?

E mécht eng gutt Figur. E modernen Optrëtt op 4m 92, an a senger Silhouette ass en als typesche Mazda ze erkennen. Zäitlos elegant war d’Virgab vun der 5 direger Limousine un den Designer. Jo richteg héieren, kee weideren SUV, mee eng elegant Limousine. De Spoiler ass integréiert a fiert ab 90 km/h elektresch eraus.

RTL
RTL
RTL

Wat gëtt dann u Batterie Leeschtung gebueden?

Mazda wär net Mazda, wa net wéi dacks fir eng Iwwerraschung gutt. Déi Kéier déi dass et Batterien mat 69 an 80kw/h ginn, mee komescherweis luet déi Long Range Versioun méi lues wéi di kleng. Op der klassescher 11kw Borne mécht et ronn eng Stonn aus, an och beim Fastcharger brauch e Mazda 6e Long Range duebbel esou laang fir vun 10op 80% ze kommen.

Leeschtung leit bei 245 an 258 PS. Op eisem Testparcours wou Stad, iwwer land an Autobunnpassagen dobäi waren, ass e souverän ënnerwee mat gutt ausbalancéiertem Fuerverhalen. Fuerleeschtungen gi méi wéi an d’Rei, a ganz positiv hu mir e Verbrauch vun ënner 16kw/h notéiert. Esou kéint dat mat der Autonomie vun tëscht 480 a 550km klappen. De Mazda 6e kënnt reng elektresch mee soss heescht Strategie bei Mazda: Multiple choice. An esou kënnt een elo mat Skyactiv, Hybrid an EV Versiounen op 8 verschidde Motorisatiounen.

RTL
RTL

Bannenan, och elegant?

Genee et ass eng Kombinatioun aus Lieder an Alcantara déi sech weise léisst a korrekt verschafft. Schued, dass e bei all där Plaz hanne, wéinst dem Batterie Package nawell net confortabel ënnerwee ass. Zwee Ecranen, e vrum Chauffer an e groussen an der Mëttelconsole, mee leider wéi esou dacks dach komplizéiert ze bedéngen. Grousse Bemol, esouguer d’Wischeren aktivéieren oder Spigelen ajustéieren leeft heiriwwer, genee wéi de Rekuperatiounsmodus.

Da nach de Bléck an d’Präislëscht?

Do schléit d’Stonn vum Mazda 6e. E Präis Leeschtungs Verhältnes wat top ass. Ënner 40 000 Euro, a bal keng Oppräis Optiounen fir déi Limousine mat der 69kw Batterie. Mazda hat bis dato net vill ze bidden bei der Elektromobilitéit, mee dat kéint sech awer elo mat China Know How séier änneren. Leeft dann och a China vum Band, an ab September scho bei iech am Alldag wa gewënscht…

RTL
RTL