
Et gëtt Auto Marken déi sinn an aller Mond, anerer si vill manner geleefeg bis quasi onbekannt. Zu där huet och Ssang Yong gehéiert. Mat frëschem Kapital a neiem Elan gouf di Mark opkaf, an doraus dann KGM ginn.
„Hello Luxembourg, we are back“ esou goufe mir vun de Responsablen bei KGM begréisst. Mat Autodis sinn et dann zwou Concessiounen hei am Land. Eemol ze gesinn am Showroom zu Esch an och um Mierscherbierg.
Mat enger breeder Gamme mellt e sech zeréck, a KGM ënnerscheed do tescht Legacy Modeller an de New Developped Autoen.
Wëll soen därer déi nach ënnert der Regie vu Ssang Yong entwéckelt goufen, Tivoli, Musso an Rexton beispillsweis.
Den Torres an de ganz neien Actyon sollen de Renouveau alauden. E prakteschen SUV mat engem Touch Coupé Style.
Et strieft een 1 % Maartundeel u mat 250 000 Autoen a ganz Europa. Op iwwer 80 Marchéen ass e weltwäit present, an et gëtt duerchaus Länner wou d’Mark ganz beléift ass.



De Bart Hendrickx ass de Mann vum Marketing a verréit eis wéi e sech wëll positionéieren.


(Cut 1…)
Technesch soll een an Zukunft dann och up to date sinn?
Jo an elo wou de Plug-In Hybrid eng Renaissance feiert, léich e jo dann do scho mol richteg.
Bon mir konnte di zwee neier aus der Gamme nëmme kuerz fueren, mee do ass awer schonn op den éischte Kilometer de Progrès ze erkennen.
Et wëllt e sech awer och präislech mam Slogan "Qualité à prix abordable", ganz attraktiv positionnéieren?


Bon wéi vill der elo zu KGM gräifen bleift ofzewaarden. No name Marken hunn et gemenkerhand net einfach.
Op alle Fall kënnt am September schonn dee nächste neie Modell. Dat ass de Pick-Up Musso, an elo reng elektresch. Dee kann da vu sech behaapten deen éischte reng elektresche Pick-up „Made in Korea“ ze sinn.


Jo wann dir iech di Gamme vu KGM emol wëllt ucken. Déi Fotoen ginn et elo gläich op www.radio.rtl.lu