
© Akim Schmit
Dass en neien Auto net ëmmer mat Batterie a Stecker ekipéiert si muss, beweist eis Honda. Den Akim Schmit aus der Automag Ekipp huet fir eis eng éischt Ronn mam neien Honda CR-V gedréint.
Bei de japanesche Constructeuren ass et nach relativ roueg wann et ëm d’E-Mobilitéit geet. Honda ass do keng Ausnam a setzt beim SUV Flaggschëff CR-V ganz op d’Kaart vum Hybrid Undriff. Déi 6. Generatioun kënnt als Plug-In Hybrid fir opzelueden oder als Vollhybrid (e:HEV) – a genee dësen hat ech am Test.
Den CR-V ass bei Honda nieft dem Civic wuel de bekanntste Modell.
1996 ass déi éischt Generatioun vum Band gerullt, also laang virum aktuellen SUV-Hype. Ass et deemools duergaang e prakteschen Auto ze baue, esou spillt haut den Design eng grouss Roll. Eng markant Front mat groussem Grill, schmuel Pharen, eng héich Schëllerlinn an eng breet Spuer suerge fir e sportlech a gläichzäiteg robusten Optrëtt. Hannert dem Steierrad fält dann awer op, dass d’Iwwersiicht net déi bescht ass.
Du hues den Interieur ugeschwat, wat erwaart eis da Bannendran?
Virun allem vill haarde Plastik – doru kann ee sech stéieren, an dësem Fall passt et awer. A si mer éierlech – grad an engem Familljen-SUV bass de frou wann e séier an einfach ze botzen ass. Fir de Rescht erwaarden dech bequeem Fotellen, eng Iwwersiichtlech Armaturentafel a wéineg Iwwerraschungen. D’Ergonomie ass gutt an all Knäppchen ass do, wous de e sichs. E bësse Léift kéint den Design vum Infotainment verdroen – dee wierkt vereelzt, mécht awer säin Job an d’Anlag kléngt richteg gutt - an d’Klimaanlag: entweder ech souz an engem Frigo oder ech war naass geschweesst. Gutt, dass den Testauto belëfte Sëtzer hat.
Beim Undriff geet Honda dann en eegene Wee…
Effektiv! De System ass relativ komplex a kennt dräi verschidde Betriibsarten. Am Duerf fiers de reng elektresch, op der Landstrooss produzéiert däi Verbrenner da Stroum fir virun elektresch ze fueren an eréischt bei héije Vitesse, wéi op der Autobunn, ginn d’Rieder dann direkt vum Verbrenner ugedriwwen. Dobäi ass den Elektromotor mat sengen 184 PS (135 kW) méi staark wéi de Verbrenner, deen 146 PS (107 kW) leescht. Gewéinlech ass d’Verhältnis ëmgedréint.
Esouvill zur Theorie; wéi mech e sech op der Strooss?
Den CR-V ass éischter e gemittleche Begleeder. Besonnesch bei niddrege Vitesse, wous de reng elektresch rulls, fiert e sech ganz agreabel. Wann s de allerdéngs op t'Landstrooss kënns, an de Verbrenner sech bäischalt, gëtt akustesch ongemittlech. Eréischt bei konstanter Autobunns-Vitesse gëtt et dann erëm méi roueg.
Am Test louch mäi Verbrauch bei 6,7 Liter/100 Kilometer. Dat ass fir en Allrad-SUV fair, awer net esou spuersam wéi een et vun engem Hybrid-Undriff erwaart. A wou mer scho bei de Käschte sinn: lass geet et bei 49.000 Euro fir de Vollhybrid (e:HEV, Allrad), de Plug-In Hybrid start bei knapp 62.000 Euro.
+ vill Plaaz op alle Sëtzer
+ gutt Ergonomie a vill Knäppercher
+ effikasse Wirless Charging
- Undriff kléngt ugestrengt
- Net besonnesch spuersam
- Präis