Ze grouss, ze kleng, vläicht eppes an der Mëtt géif passen? Déi Fro gëtt sech dacks bei der Wiel vum passenden Auto gestallt. Bei VW koum jo dofir tëscht dem Modell Tiguan an Touareg am Fréijoer den Tayron.
(CUT 1) Salut. Jo mir waren mam dach 4m 80 laangen Tayron op d’Rees. En idealer Rees Begleeder wou vill dra passt. Effektiv an den Dimensiounen genee tëscht deenen aneren zwee VW Modeller.
Do passt vill dran fir den Alldag, ob elo Akeef, Wallissen, Family, de Mupp, oder einfach alles zesummen.
Awer just zu 5 geet et mam Plug-In Hybrid op den Tour, mat 7 Passagéier net, dat geet nëmme bei den anere Versiounen ouni zousätzleche Batterie Pak vu bal 20 Kw an der Mall.
Dat gëllt leider och fir 4 Motion, d’4X4 Traktioun. Och déi Optioun fält beim Plug-In ewech. Schued!
Bon mat enger voll geluedener Batterie ginn 120km Autonomie reng elektresch ugewisen.
Speaker: An dat geléngt dem Tayron?
(CUT 2) Wéi esou dacks net ganz, och wa mir zimmlech brav ënnerwee waren, an den Testauto och net voll getässelt gouf. Mee nobäi 100km sinn awer duerchaus dran.
Deemno kann e mam Tayron am Alldag den Trajet fir op d’Schaff ouni Emissiounen absolvéieren.
Mee et heescht reegelméisseg lueden, wëll nëmmen esou fonctionéiert dat Zesummespill vun deenen zwou Energiequellen, a schount de Portemonnaie beim Verbrauch.
Wëll ass di E-Power opgebraucht da spréngt de Verbrauch ganz séier vun 2 op 7 Liter a méi.
Speaker: Mat der gebuedener Leeschtung ënnert dem Kapo kann een zefridde sinn, an och mam Interieur?
(CUT 3) Jo mam 1.5 eHybrid an 272 PS System Leeschtung léist et sech gutt liewen. An eppes iwwer 7 Sekonnen op 100, 215 km/h Spëtzevitesse wären dran, voilà ech mengen do gëtt et näischt ze meckeren.
Den Tayron sonnert sech och am Interieur vum Tiguan of, mat vill Luxus Richtung Premium Segment orientéiert. Veraarbechtung ass gutt, kaum haarde Plastik. E speziellt akustescht Glas reduzéiert den Dezibel bannenan.
Do spréngt e ganz groussen 15 Zoll Ecran an d’A, iwwer dee quasi alles regléiert gëtt. Bei Connectivity, Infodivertissement, inklusiv Voice Assistant mat Chat GPT ass e gutt ënnerwee, an duerch e laange Rad Stand a Massage Sëtzer och ganz confortabel.
Speaker. Wéi fält de Fazit aus?
(CUT 4) En interessanten confortabelen a chicen Allrounder dee säi Präis huet. Den Tayron 1.5 eHybrid an der R-Versioun koum op iwwer 60 000 Euro. Vill Geld fir de Famillje Budget.