
© Akim Schmit
Am Automag vun haut kucke mer eis en ale Bekannten un – opt mannst wa mer eis an der Welt vun der Elektromobilitéit befannen. Rieds ass vum Tesla Model 3, deen den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp am Test hat. An dat net firt éischt, wann ech mech richteg erënneren…?
Gutt opgepasst! Effektiv hu mer eis op dëser Plaz schonn eng Kéier mam Facelift vum Model 3 beschäftegt. Deemools hat Tesla eis stäerkst Versioun mat der déckster Batterie (Dual Motor, Long Range) fir den Test ginn. Dëskéier war ech bëllegsten Tesla ënnerwee, deens de der am Moment kafe kanns. An deen ass hannen ugedriwwen an huet eng méi kleng Batterie.
Wat ännert sech da fir mech konkret, wa mäi Spuerschwäi manner gutt geniert ass?
Erstaunlech wéineg – weder un der Karosserie, nach am Banneraum muss de Kompromësser agoen. Op de Luxus vun engem Panoramadach, belëfte Sëtzer fir Chauffer a Bäifuerer oder de klengen Ecran tëscht de Sëtzer fir d’Passagéier op der Réckbänk brauchs de net ze verzichten. De Präisënnerscheed kënnt eleng duerch de méi schwaachen Undriff ze stan.
Wat versteet ee bei Tesla dann als „schwaachen Undriff“?
Et muss een dat “schwaach” an de Kontext setzen. Jo, schwaach am direkte Vergläich zum Rescht vun der Gamme, awer ëmmer nach staark wann een de Modell 3 mat der Konkurrenz vergläicht. 283 Päerd (208 kW) liwwert den Elektromotor un der hënneschter Achs. Domat ass de Sprint op Tempo 100 a gutt 6 Sekonne (6,1 Sekonnen) gepackt. An och bei der Spëtzevitess vun 201 km/h an der Stonn brauch e sech net hannert dem Rescht vun der Gamme ze verstoppen. Nëmmen d’Performance Versioun ass méi séier (262 km/h).
D’Vitess ass beim Elektroauto jo nëmmen eng Säit vun der Medail. Wichteg ass awer och d’Reechwäit. Wat heescht dann hei „Standard Range“?
513 Kilometer stinn um Pabeier – an der Praxis hunn ech der 440 gepackt. Dobäi louch mäi Verbrauch tëscht 12,6 a 14,4 kWh op 100 km. Ech muss awer dobäi soen, dass den Test bei summerlechen Temperature stattfonnt huet an ech wéineg Autobunn gefuer sinn. 62 kWh stiechen an der Batterie, déi sech an der Spëtzt mat 173 kW luede léisst. Dat ass séier, awer laang net dat, wat haut méiglech ass.
Wien sinn dann d’Konkurrenten, a wat kascht esou eng Entrée de Gamme iwwerhaapt?
D’Konkurrenten heesche Mazda 6e (41.472 Euro), Hyundai Ioniq 6 (43.028 Euro) oder Polestar 2 (44.900 Euro) – allerdéngs sinn déi e gudde Krack méi deier: aktuell geet et fir de Model 3 bei 35.990 Euro lass. Eng fair Offer – wou ee vläicht iwwert deen een oder aneren Défaut ewech kucke kann…