Wien gemengt huet, mam Elektroauto wier et eriwwer mat spaassege Gefierer, deen dierf elo nolauschteren. Wëll Alpine huet e bruecht, den Hot Hatch mat Elektroundriw. De scho flott gerodene Renault 5 gouf vun de Spezialiste vun Dieppe nach emol nogewierzt – op der Presentatioun zu Mallorca war de Paul Origer scho begeeschtert, ass dat no engem Alldagstest nach ëmmer esou?

21/08/2025 AUTOMAG Alpine A290

Wat ass een Hot Hatch? Ganz einfach, ee klengen Auto mat Hatchback, also grousser Klapp als Mallendeckel a méi Wuppes wéi üblech ënnert dem Capot. Dacks geet natierlech och de Look an d’Fuerverhalen an déi sportlech Richtung. Alpine wollt mam A290 genee dat erreechen.


Den Design

De Renault 5 huet jo schonn ageschloe wéi eng Bomm, besser konnt de Retro-Design den Nerv vun de Clienten net treffen. Den A290 setzt do nach een drop a gräift dofir op déi üblech Tuning-Méiglechkeeten zeréck; spezielle matte Lack, grouss a breet Rieder a grouss dimensionéiert Spoiler a Juppen, un deenen ee beim erausklammen emol gären hänkebleift. De sportlechen an awer nach diskrete Look kënnt op jidde Fall un, keen Tour vergoung ouni dat op d’mannst ee sech nom Auto ëmgedréit oder mech dorop ugeschwat huet.

Den Interieur

Et gouf eng Schëpp ugeluecht; dat zweefaarwegt Lieder verstoppt gekonnt dee soss übleche villen haarde Plastik, d’Sportsëtzer halen d’Passagéier an der Gitt an de schwaarzen Daachhimmel suergt fir déi richteg Stëmmung. Geet ee méi no hannen, da gouf awer gespuert. Bis op d’Sëtzbezich fënnt een an der zweeter Rei bëlleg gemaachten Dirverkleedungen a genee esou mannerwäertegt Material beim Mallenteppech a bei der Hutablag. Mee hanne wëll a kann ee souwisou net wierklech sëtzen, zemools net, wa vir zwee Erwuessener Plaz geholl hunn. Hei bleift den Alpine dann awer ee klengen Auto.

Op der Strooss

Dat et e klengen Auto ass, mécht beim A290 grad de gréissten Effekt. Handlech, liicht ze parken, sympathesch a virun allem net ze schwéier. Do ginn och “nëmmen” 220 PS an der GTS-Versioun duer fir déi ronn 1500 Kilo zügeg ze beweegen an awer nach korrekt a 6,4 Sekonnen op 100 ze sprinten. Méi géing souwisou kee Sënn maachen, schonn esou hunn déi 2 viischt gedriwwe Rieder mam héijen Dréimoment vun 300 Nm genuch Stress. Mee et ass nach éischter d’Stroosselag, déi beim klengen Alpine faszinéiert. E sëtzt sat um Makadamm, gëtt dem Chauffer éierlechen an optimale Feedback vun der Strooss a léisst sech spilles zackeg em d’Kéieren wiselen. A wann et muss sinn, och mat kënschtlechem Sound. Mat tëscht 17 an 18 Kilowatt-Stonnen Verbrauch an eppes iwwer 300 km Autonomie och duerchaus am Alldag ze gebrauchen, geluede gëtt mat maximal 100 kW.

Am Résumé

Ee vun de ganz wéinegen Autoen an der Lescht, déi ech mat enger Tréin am Knapplach hu missen ofginn. Merci Alpine, dat dir elektrescht Autofuere och mat Spaass verbannt. Bei den Tariffer fält den Opräiss zu engem normale Renault 5 mat ronn 6000 Euro nawell säfteg aus, minimum 37.800 Euro muss den Alpine-Fan berappen. D’Topversioun GTS wéi eisen Testauto kënnt scho mol gären op 46.000, da bleift awer och kee Wonsch méi op.