
Mam klenge schnuckelegen “e” hat Honda seng éischt Schrëtt an der Elektromobilitéit gewot. Trotz sympatheschem Design a ville flotte Gimmicks ass säin Erfolleg awer ausbliwwen. Zenter 2023 soll den e:Ny1 (anyone) villes besser maachen. Ob dat esou ass, huet de Paul Origer fir eis an engem aussergewéinlech laangen Alldagstest erausfonnt.
Wéi dann, frot der iech warscheinlech? Eréischt 2 Joer nom Lancement héiere mer vum Honda e:Ny1 am Automag? Majo, d’PR-Arbecht vun Honda war an de leschte Joren nawell massiv ageschlof. Dofir duerfte mer elo quasi déi ganz Gamm testen, an dat esouguer deels 2 Woche laang.
Den Design
Och wann den e:Ny1 staark dem HR-V gläicht, hien steet op enger anerer Plattform. A kënnt mat engem nidderege Greenhouse a staark geneigter Heckfenster och e bësse méi am Stil vun engem SUV-Coupé dohier – e Segment wou sech Honda méi Succès erwaart wéi mam klengen “e”. Géingt den Design ass näischt ze soen, den e:Ny1 ass gefälleg geroden a mat knapp 4m40 och net ze grouss.
Den Interieur
Net grad opreegend designt a scho guer net esou originell wéi den Honda e. Et dominéiert e groussen zentrale Bildschierm am Héichformat, e puer Iwwerzich am Konschtlieder peppen déi duerchschnëttlech Veraarbechtung e bëssen op. Dat et nach richteg Knäppercher gouf, huet mech gefreet, genee esou wéi och dat gutt Raumgefill an de Confort esouwéi d’Plaz op alle Sëtzer. Just e bësse méi Verstellberäich fir de Chauffer hätt ech mer nawell gewënscht. Dofir huet d’Mall mat ronn 360 Liter e Krack méi Plaz wéi de klengen “e”.
Op der Strooss
Op d’Kritik beim Virgänger, wann een esou soen dierf, huet Honda reagéiert. Mat iwwer 400 km huet den e:Ny1 méi Autonomie a mat 204 PS och méi Leeschtung. Och wann et reell éischter 330 km waren, esou huet den Elektro-Honda säi Match am Alldag gemaach. An esouguer richteg sportlech, déi 204 PS waren nawell viif, hunn awer och déi méisseg Traktioun vun de viischte Rieder séier iwwerfuerdert. Wat guer net goung, dat war d’Geräischkuliss. Nieft dem Kaméidi vu Wand a Pneuen huet den Elektroundriw gesurrt a gesummt wéi de Bréisseler Metro zu menge Studienzäiten. E V8 oder Reiesechser héieren ech gäre schaffen, en Elektroauto huet awer komplett roueg ze sinn. Rou a Gedold behale muss een och beim Oplueden; maximal 78 kW kann den e:Ny1 via CCS zéihen – dat hunn antëscht vill aner Marke wäit iwwertraff. Op der anerer Säit packt sech de Verbrauch; siele sinn et iwwer 19 kW-Stonnen. Och positiv ze ernimmen ass d’Fuerverhalen; Honda huet hirem Elektro-SUV en nawell konfortabelt Fuerwierk spendéiert ouni d’Fuergefill synthetesch ginn ze loossen. D’Steierung mellt gutt zeréck an d’Stroosselag bleift quasi ëmmer neutral. Genervt hu leider och bei Honda d’Assistenzsystemer, déi deels net konnten ausgeschalt ginn esouwéi déi immens oniwwersiichtlech a schlecht erkläerte Menue vum Infotainment. Iwwert déi 14 Deeg stoung den e:Ny1 och nach stänneg am Clinch mat mengem Smartphone, huet ëmmer nees d’Koppelung vergiess an den Android Auto mol zougelooss, mol net. Och dat klappt antëscht bei anere Marke vill besser.
Am Résumé
Op eise Stroossen ass den e:Ny1 e ganz raren Artikel. Un de prakteschen Talenter läit et net; eng brauchbar Autonomie, genuch Plaz, Equipement a Leeschtung ass do an esouguer den elo staark reduzéierte Präis läit mat ronn 38.600 Euro am faire Beräich. Mee leider stécht näischt esou richteg eraus an d’Konkurrenz huet net geschlof; z.B. e Skoda Elroq ka fir de selwechte Präis vill méi.