
Elektro oder Verbrenner? D’Decisioun ass heiansdo net esou einfach, ëmsou méi wann, wéi bei Audi, et all Modell an deenen 2 Versioune gëtt a sech net wiesentlech ënnerscheet. De Paul Origer hat bei engem Event vun Audi Lëtzebuerg d’Geleeënheet, den neien A6 an deenen 2 Versioune géigeniwwer ze stellen.
Do war dach eppes? Sollte bei Audi net déi gerued Modellbezeechnunge fir Elektro an déi ongerued fir Verbrenner-Modeller stoen? Richteg, dat gouf 2023 esou agefouert an 2025 mam Lancement vum neien A6 nees séier iwwert de Koup gehäit – d’Clienten wollten dat net matmaachen. Fir si steet d’Zuel nach ëmmer fir d’Gréisst vum Modell an net fir den Undriw. Wann net am Numm, wou sinn déi Ënnerscheeder da soss erauszefannen? Bei engem Event zu Girsterklaus krut ech d’Geleeënheet.
Den Design
Oder fir d’éischt dat wat een net gesäit: d’Plattform. Premium Platform Electric a Premium Platform Combustion kléngen änlech, sinn awer technesch zimmlech verschidden. Wéi z.B. den ënnerschiddleche Radstand. Optësch ass dat anescht; de Verbrenner huet eng richteg Kalander, beim elektreschen A6 ass alles zou. D’Luuchte sinn hanne liicht anescht mee vir bal identesch, dem e-tron seng Phare falen awer méi spatz aus.
Den Interieur
Den A6 ass ee groussen Auto, also erwaart een sech genuch Plaz. Bei der Mall huet den e-tron d’Nues vir, bitt esouguer nach ee klenge Frunk ënnert dem Capot. Wann een alles ëmklappt, passt awer méi an de Verbrenner. Den Tableau ass bei béide Motorisatioune quasi dee selwechten. Et dominéiert deen aus 2 grousse Schiermer zesummegesaten Display an den Zousaz-Ecran fir de Bäifuerer.
Op der Strooss
Hei war de Verglach e bëssen ongerecht. An zwar sti beim e-tron mindestens 210 kW a 435 Nm um Menü. Dat déi mam gutt iwwer 2 Tonne schwéiere Kombi nach ëmmer liicht Spill hunn, ka sech jidder erfuerenen Elektro-Chauffer denken. A 7 Sekonnen ass den A6 e-tron nämlech op 100 an zwar ouni laang op Leeschtung ze waarden. An, perfekt fir e grousse Rees-Auto, natierlech ouni Kaméidi, wa mer de Soundgenerator emol ignoréieren. Als Autonomie versprécht Audi mindestens 520 km, dat awer dann och an ultra-optimale Konditiounen. Zackeg iwwert d’Autobunn reesen gehéiert do z. B. net derzou. Da ware mer deen Dag besser mat sengem Kontrahent zerwéiert; den 2.0 TDI. Reng rechneresch packt deen 1000 km mat engem Tank, huet mat nëmmen 150 kW an awer nach 400 Nm e bësse méi Arbécht. 0,9 Sekonne brauch e méi laang op 100 an ënnermolt de Sprint mat käregem Diesel-Sound – besonnesch sexy ass dat net. Bei konstanter Autobunnsvitesse verschwënnt deen awer hannert der Isolatioun.
D’Präisser
Hei ass de Verglach e bësse méi schwiereg. Den A6 e-tron start als Avant bei 65.500 Euro. Eng änlech Motorleeschtung als Verbrenner bitt Audi net un, entweder leie mer 60 kW drënner oder 60 driwwer. Dee gënschtegsten A6 Avant als Verbrenner start awer bal 10.000 Euro drënner, dat ass nawell eng Uso. Kloer feelen do e puer Gimmicks, déi den e-tron serieméisseg matbréngt, mee brauch een dat? Eent ass op jidder Fall sécher; de Client behält bei Audi de Choix an dat ass gutt esou!