Et gëtt een neie Begrëff an der Autosindustrie. Nämlech "Steer by Wire". Wat et domadder op sech huet, dat erkläert eis de Rich Simon an den nächste Minutten. Rich du hues nämlech de Lexus RZ 500e getest an deen huet de sougenannten "Steer by Wire". Wat kann ee sech dorënner virstellen?

25/08/2025 Automag: Lexus RZ 500e

Fir et ganz einfach ze erklären; Et gëtt keng mechanesch Verbindung méi tëscht dem Steierrad an de viischte Rieder. Dofir awer eng elektronesch. Dat bréngt de Virdeel mat sech, datt d' Steierung méi präzis ass, wéi bei enger konventioneller, bei där een Gestengels vum Steierrad op d' Achs huet.

Mierkt een dat dann?

Fir mech ass dat de Fall. Ech probéieren et e bësse méi praktesch ze erklären. Bei engem normale Steierrad, dréit een eng Kéier komplett rondrëm bis een um Uschlag bass. Also 360 Grad. Dat ass beim "Steer by Wire" net de Fall. Vu lénks no riets oder ëmgedréit, sinn et just 200 Grad. Dat heescht, de Wee ass vill méi kuerz an den Auto reagéiert vill méi direkt.

An dat mécht sech op der Strooss bemierkbar?

Déi éischt Kilometer sinn e bësse speziell. Dat muss ech schonns esou soen. Wann ee sech awer bis un d' Steierung gewinnt huet, dann huet ee richteg Spaass. Virun allem well den Auto, wann ee sportlech ënnerwee ass, gutt ofgestëmmt ass. Ass een am "Cruise Mode" ënnerwee, dann ass d'Fiederung awer dach zimmlech sec. Den RZ 550e ass 4 Rad gedriwwen. Déi 4 Rieder droen och dozou bei, datt een d'Gefill huet, datt een déi 408 PS ëmmer gutt am Grëff huet. 4,4 Sekonne brauch den RZ 550e vun 0 op 100. Bei 180 ass awer schonns Schluss.

RTL

Wéi gesäit et da mam Design aus?

De Lexus RZ ass kee Mainstream Designer Auto. Hien huet Ecken a Kanten a mat e bësse Fantasie, kéint een de Japaner als klenge Brudder vun Musk sengem Cybertruck gesinn. Allerdéngs ass de Lexus méi schéin. Wat deen Design bannen ugeet, do stécht natierlech d'Steierrad an d'A. Dat erënnert un ee Steierrad aus de Formel 1. Respektiv och nees un d'Yoke Steierrad, vum Tesla. Banne ass alles héichwäerteg verschafft an et huet ee gutt Platz. Plus Punkte ginn et fir d' Mall. 552 Liter normal a 1.451 Liter wann d' Sëtzer ëmgeklappt sinn. Dat léist sech weisen!

Wéi gesäit et mam Verbrauch a mam Präis aus?

D' Batterie huet en Kapazitéit vu 77 kWh. Dat ass net enorm fir esou een Auto.  D'Autonomie soll bei 450 Kilometer leien. Den offizielle Verbrauch, gëtt Lexus mat 18,4 kWh op 100 Kilometer un. Beim Test louche mir och an där Géigend. Allerdéngs mat Temperaturen déck iwwer 30 Grad an engem Roadbook, wou een dacks net ganz séier konnt ënnerwee sinn. Dofir denken ech, datt de reelle Verbrauch éischter Richtung 20 bis 21 kWh wäert goen. Wat de Präis ugeet, kann ech och nach näischt Genaues soen, wëll deen ass nach net bekannt. Wann een awer weess, datt den RZ 450 bei 67.000 Euro ufänkt, dann ass et kloer datt ee fir de 550 nach e puer Euro muss drop leeën. Virun allem wann een "Steer by Wire" Steierrad, als Optioun wëll hunn.

RTL