Haut gëtt am Automag chineesesch opgedëscht. Made in China, déi Kéier awer net am Restaurant mee am Alldag Test am Auto.
Jo an et sinn och keng Nummere wéi am chineesesche Restaurant. Reng elektresch oder Plug-In Hybrid? Wat eegent sech besser am Alldag, dat war hei d’Fro?
Ugetrueden sinn de BYD Seal U, 100% elektresch mat 87 kw/h Batterie an 218 PS .
An op der anerer Säit den identeschen Modell Seal wou dann hannen um Hayon U DM-i steet. DM Dual Mode sinn et e 1500er Motor mat 218 PS System Leeschtung zesumme mat der Batterie vun 18kw/h. E Maximum elektresch ënnerwee sinn, an awer net onbedéngt op e Stecker ugewisen.
De Plug-In Hybrid feiert seng Renaissance?
Jo net nëmmen bei BYD proposéiert een elo di zwou Varianten. Wëll och wann Zuel u Borne permanent wiisst, zécken der nawell vill fir reng elektresch wëllen ënnerwee ze sinn. A bei BYD sinn et jo elo nach Modeller an der Gamme déi als Plug-In Hybrid kënne bestallt ginn.
                    
                    Di zwee sinn an der Kategorie SUV ënnerwee...
Genee. An zwar beweegt een hei mat bal 4m 80 e groussen SUV. Den Design ass duerchaus gelongen, och wa sech elo net reieweis no him ëmgedréint gëtt. Dat schmuelt Band mat de Luuchte vir an hannen weess ze gefalen. Eng gefälleg Silhouette aus der Design Fieder vun engem Däitschen, dee laang zu Wolfsbuerg geschafft huet.
Och bannenan mierkt een op wéi engem héije Niveau d’Chinesen elo spillen. Haptik a Veraarbechtung sinn ganz gutt, Plaz vir an hannen passt et, jo esouguer zu 5 kéint et op den Tour goen. Dat zweefaarwegt Lieder am ganzen Interieur huet mir perséinlech ganz gutt gefall an dréit zum agreabelen Ambiente bäi. Dass den Ecran an der Mëttelconsole sech dréine léisst fält enner Gimmick.
An der Mall dann Differenzen. Wéinst der Batterie beim Plug-In Hybrid passt do e gutt Stéck manner eran.
                    
                    
                    Wou leien dann d’Ennerscheeder bei de Fuerleeschtungen?
Also de Plug-In Hybrid absolvéiert de Sprint op 100 an 9 Sekonnen a pakt et bis op 170 km/h. Wien dat net all ze dacks ausreizt a reegelméisseg brav den Akku oplued kann iwwer 1000 Kilometer wäit kommen. Reng elektresch tescht 60 a 70 Kilometer.
Et wëll eeen esou eng reell Alternativ fir Diesel Fraktioun ginn.
De reng elektresche Seal SUV versprécht eng 500km um Pabeier, wat awer aus Erfarung och net realistesch ass. A leider lued de BYD net rapido.
Wat hale mir als Fazit fest?
Béid Varianten si präislech, bei guddem Ekipement a gudder Veraarbechtung ganz interessant. Made in China eben. Et kënnt drop un op een dacks wäit ënnerwee ass, soss geet d‘Autonomie vum Seal U an der E Versioun och déck duer.