Honda steet haut am Mëttelpunkt vum Automag. Do war e mam Modell ZR-V am Alldag ënnerwee. Challenge 1000 Kilometer! Net um Stéck, mee mat enger Tankfëllung an elektrescher Ënnerstëtzung.

Op et gelongen ass de Japaner esou laang ze beweegen éier et un d’Tankstell goung? De Chrstian Schmit souz hannert dem Volant a verréit eis et. Salut Christian

Loosse mir d’Kaz gläich aus dem Saak, neen d’Challenge 1000 géif net gepakt, awer bal. Um Enn waren et 950km, dat ass jo awer och net schlecht fir den eleganten Honda ZR-V SUV mat 57 Liter Tank.

De 4m 57 laangen Honda ZR-V fält mat sengem Kühlergrill an de schmuele Scheinwerfer op.

Speaker : 950km dat heescht mir schwetze net vun engem Elektro Auto?

Jo a neen. Et ass wuel e Verbrenner an E-Motor. Awer ouni Plug-In System, mee mat moderner Hybrid Technik.

D’Häerz Stéck ass en 2 Liter Bensinner mat zwee Elektro Motoren. Systemleeschtung dann 184 PS.

Dat Hybrid Zesummespill klappt gutt.

Mir waren och op d’belsch Küst domat, a sinn, ofgesi vun Autobunn, erstaunlech vill elektresch gefuer. Geluede gëtt iwwert dem Fueren, Rekuperatioun beim Bremsen, a Borne kann e lénks leie loossen.

Di bekannte stufelos CVT Bôite wëll keng Sport Alluren. Gläichméisseg acceleréieren ass Deviis.

8 Sekonnen op 100, a bei eppes iwwer 170 ass Schluss.

Fuerwierk a Lenkung sinn agréabel ofgestëmmt.

RTL
RTL

Speaker: So a wéi presentéiert sech den Interieur dann esou?

Alles leit do wou et soll, ass gutt verschafft an de Soft Touch gefällt. Dat gëllt och fir d’Sëtz Garnitur. Plaz vir an hannen ganz generéis.

Net ze vill Touch Screen, mee dee Screen kéint méi grouss ausfalen, an d’Grafik vum Navi ass net méi up to date. Smart Phone, Apple CarPlay an Android Auto geet.

Speaker: Wat musse mir dann op den Dësch bliederen, a wat vläicht als Fazit festhalen?

An där vun eis gefuerener Top Versioun sinn et eng 47 000 Euro fir eisen Testauto. Kaum Optiounen, just dat Still Night Pearl Blue kascht extra.

Op dëser Plaz sollt awer och erwänt ginn dass Honda ganz generéis war, a mir den Testauto 2 Wochen konnte beweegen. An dat ass awer längst net ëmmer esou bei anere Marken.

An deenen 2 Wochen ass opgefall dass esou en Honda ZR-V, dee jo dach schonn eng Zäitchen um Marché ass, nëmme seelen ze gesinn ass.

Mir hunn dir am Alldag just e puer begéint.

Schued, wëll de Japaner huet duerchaus séng Qualitéiten, mee ka sech op där anerer Säit och net wierklech aus der „grande masse“ un SUV’en erfir hiewen. An op Allrad a soss Offraod Eegenschaften muss jo souwisou ganz verzicht ginn.

RTL
RTL
RTL
RTL

De japanesche Konstrukteur Honda probéiert dann elo säi Gléck ouni Extravaganzen a punkto Design wéi mir héieren hunn.Ze gesinn a prett fir är Test Fahrt beim Concessionaire.

Fotoe vum Honda Z-RV bei eis elo gläich op www.radio.rtl.lu