BYD, made in China hätte m ir elo fir iech. Mee net e weideren elektreschen SUV, neen déi Kéier e Plug-In Hybrid als Kombi oder Break wéi d’Fransouse gäre soen.
An dee wëll eben net Kombi oder Break sinn, mee Touring. Kléngt och gläich besser.
Eng nobäi 4m84 laang Carosserie steet vrun engem, a vun der Design Linn hir net besonnesch spannend, reit sech éischter onopfälleg an den Alldagsverkéier an.
De Seal 6 wär awer och wéi di aner Modeller „Ocean inspired“ fléissend gestylt aus der Fieder vum bekannten däitschen Designer Wolfgang Egger.
Et ass deen éischten „Touring“ vun BYD an deem Segment. Parallel gëtt och eng 5 direg Limousinn lancéiert, déi mir awer net fuere konnten.
Speaker: Wat leeft dann ënnert dem Kapo esou?
Jo do huet e sech fir den DM Dual Modus entscheed. Also Verbrenner an E-Power am Duo, woubäi awer esou ausgeluegt dass een e Maximum elektresch kann ënnerwee sinn.
Bon op eisem Testparcours ronderëm Wavre an der Belsch ass dat och gelongen.
E 1500er Moteur mat 156kw Systeem Leeschtung, a je no Versioun, Boost oder Confort, sinn et 10 oder 19 kw/h an der Batterie.
Esou sinn dann ëm di 100km reng elektresch dran, a bal 1500km Autonomie en total laut WLTP Norm.
Esou wëll e mat de Plug-In Versiounen Diesel Fraktioun fir sech gewannen, an och déi, di nach bei Elektroautoen zécken.
Gelued ka just mat maximum 26kw DC Leeschtung.
                    
                    Speaker: An dee BYD Seal 6 ass och am Interieur um neiste Stand?
Jo duerchaus, zwee Ecranen sprangen an d’Aa, Sëtzer si confortabel, an duerch e laange Radstand wëll een och an der zweeter Rei matfueren. An d’Mall passen iwwer 1500 Liter, wat jo fir di meescht Ausflig passe misst.
Lästeg dass e permanent mat „Be concentrated“ zurecht gewise gëtt wann de Bléck och nëmme e puer Sekonne vun der Strooss wäicht.
Soss kënnt een awer séier mam BYD zuwee.
Net alles muss iwwer den Ecran ofgeruff ginn. Fir di wichteg Funktiounen bleift et bei Knäppecrcher an Hiewelen.
Op richteg ruppegem wallounesche Pavé konnt e feststellen dass d’Verarbechtung gelongen ass.
                    
                    Speaker: Wat kascht dann deen Touring vu BYD?
Jo do gouf dach zimmlech scharf kalkuléiert. Bei eis zu Lëtzebuerg geet et bei 37 000 Euro lass. Top Versioune mat der grousser Batterie am Plug-In Hybrid dann iwwer 42 000 Euro. Bon fir en Auto an där Kategorie pas mal. En ass schon am Showroom ukomm, also kann e sech selwer dovunner iwwerzeechen a schonn eng Ronn dréinen.
Erstaunlech mat wéienger Vitesse de chinesesche Konstrukteur nei Modeller lancéiert. Elo dann och en éischte Kombi, pardon Touring!
An iwwregens ass deen och elo geschwënn „made in Europe“ a leeft an Ungarn vum Band.
                    
                    Eng Foto Galerie vum chinesesche BYD déi gesi mir op www.radio.rtl.lu.