Déi franséisch Mark Alpine feiert dëst Joer de 70. Gebuertsdag. Vill am Gespréich ass aktuell d’Alpine-Versioun vum ganz beléifte Renault R5, deen op den Numm A290 lauschtert. An dësem Automag gëtt awer net elektresch gefuer, ma mat Verbrenner, an dann och nach an engem Zwee-Sëtzer. Den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp war mam A110 ënnerwee.
Mat «ënnerwee», hues de et scho richteg getraff, well ech hat e klenge Roadtrip duerch Frankräich gemaach, méi genee duerch d’Vogeesen, an duerno nach e klengen Ausfluch duerch de Schwarzwald, um Wee fir heem. Dësen Trip mat engem Cabrio ze maachen, hätt sech quasi opgedrängt, ma ech hu mech fir e Coupé entscheet, méi genee fir den Alpine A110 GTS.
GTS kléngt jo scho mol «sportlech»... wéi «praktesch» war deen da fir dee Roadtrip? 
Am Fong war et genee de richtege Choix. Natierlech hätt ech mech och iwwert de méi rengrassegen A110 R gefreet, ma op sou engem Trip vun e puer Deeg weess ee séier e gewëssene Comfort ze schätzen. An dee bitt de GTS, ouni awer op Fuerspaass ze verzichten. Praktesch ass scho mol, dass mer duerch de Mëttelmotor souwuel vir ënnert dem Capot Plaz hu fir Gepäck, an hannen an der Mall. Am sougenannte Frunk kritt een zwou Walissen ënner, soulaang se d’Standard-Gréisst hunn, déi een och als Handgepäck mat an de Fliger huelen däerf. D’Rieder riskéieren zwar déi eng oder aner kleng Schréibs am Plastik ze hannerloossen, ma dat muss een do a Kaf huelen. An der Mall kritt een dann och nach emol 100 Liter ënner.
Comfortabel awer och sportlech Sabelt-Sëtzer halen ee gutt fest, och wann ee mol méi flénk duerch d’Kéiere fiert. Hei fannen och méi grouss Chaufferen eng gutt Sëtzpositioun.
Dass de gutt souz, hues de eis jo elo scho verroden. Ma wéi ware soss deng fuereresch Impressioune mam A110 GTS?
Wat engem direkt opfält, den Auto ass einfach liicht, an dat ass scho bal e Garant fir Fuerspaass. Den 1800er Turbo-Bensinner mat 300 PS geet Spilles mat der Alpine ëm a beschleunegt se bannent just 4,2 Sekonne vun 0 op 100. Ma dat ass net hir Paradedisziplin. Soubal Kéieren an d’Spill kommen, spiert een dat niddregt Gewiicht an wéi einfach den Auto sech positionéiere léist. Bei der Lenkung gëtt et sou ee Punkt, wou ee mengt den Auto géif grad ënnersteieren, an et feelt e bëssen u Feedback, ma eigentlech mécht den Auto et gutt a wann een dee Punkt bis passéiert huet an een nach méi alenkt, geet den Auto genee dohin, wou een e wëll hipositionéieren, an dat och wann ee mol mat méi Vitess an d’Kéier geet. Immens gutt war iwwerdeems och d'Bremsanlag!
Dat kléngt jo, wéi wanns de richteg Spaass has? Huet een deen dann och nach, wann een de Präis gewuer gëtt?
Den Auto ass en Allrounder mat ville sportleche Geenen, dëst a Kombinatioun mat enger gewësser Exklusivitéit, engem schéinen a gutt verschafften Interieur, souwéi stabiller an zouverlässeger Technik, dat bei niddregem Gewiicht. E Basis A110 GTS kritt ee vu 77.000 Euro un. Eisen Testauto mat anere Felgen an engem spezielle Lackkleed koum op bal 85.000 Euro. Kloer sinn dat vill Suen, ma et kritt een och vill Auto a vill Fuerspaass dofir, deemno a mengen Aen e korrekte Präis. Et heescht awer sech bäimaachen, well just nach bis Dezember kann ee sech säi Wonsch-A110 konfiguréieren.