Wann d'Buschtawen JCW, steet fir John Cooper Works, op engem Mini stinn, da sinn dat déi Modeller wou nach méi sportlech ausgeluecht sinn. Och am elektresch ugedriwwenen Aceman ass déi Versioun elo ze kréien, an de Christian Schmit ass scho mol domadden ënnerwee gewiescht.
Nogewierzt! Jo esou kéint een den Mini Aceman an der JCW Versioun ëmschreiwen. Deen John Cooper war iwwregens en engleschen Tuning Händler, an de Label JCW gouf 2007 an d'Mark integréiert. Mam Aceman hëlt e sech e sportiven 5-dieregen Mini an d'Haus dee seng dynamesch Sport Allüren net verheemleche wëll.
Wéi vill Power ass dann do dran?
Maja d'Leeschtungsschrauf geet vun 218 op 258 PS. Domat kann den Aceman elo an eppes iwwer 6 Sekonnen op 100 sinn, an eréischt bei 200 ass op der Autobunn Schluss. Vu dass keng 4 Rad Traktioun ze kréien ass, kann et grad mat där Traktioun emol Problemer ginn fir dat Temperament propper op de Makadamm ze kréien.
Mee de Launometer schléit positiv aus wëll Fuer Wierk, Lenkung, Go Kart Feeling opkomme loossen. Zemools wann de rouden Boost Knäppche gedréckt gëtt. Dann ginn fir 10 Sekonne nach en extra Schub. An da vergësst een definitiv dass dee Mini elo 1,8 Tonnen op d'Wo bréngt. Jo E-Modeller weie vill, och wann hei just eng 54 kw/h Batterie an den Asaz kënnt.
Mam Resultat dass de Fuer Spaass dach séier eriwwer ka sinn. No 300 Kilometer sollt e keng Lued Statioun oder Steckdous méi ignoréieren.
A sécherheetshallwer an de MAX Range Modus goen, fir da mat reduzéierten Confort Funktiounen a maximal 90 km/h heem ze kommen.
                    
                    
                    
Ok a wéi séier ass den Aceman JCW dann nees voll?
Do schreiwe mir keng 1 an d'Heft. Et heescht Gedold matbréngen. Am beschte Fall gëtt grad emol mat 95 kw gelueden, wat am Joer 2025 dach schonn als en antiquéierte Wäert gëllt. Mee och um Super Charger, wou ech eleng stoung, hunn ech d'Erfarung gemaach dass mir net iwwer 70kw komm sinn. An och un der klassescher Borne ass net méi wéi 11kw dran. Do heescht et awer dringend nobesseren!
                    
                    An am Interieur, ass een do gutt opgehuewen?
Also bannenan presentéiert sech de Mini Aceman JCW ganz chic mat sportlechen Ambitiounen, a ville klengen Detailer déi sech iwwer d'Armaturebried zéien. Sport Sëtzer mat guddem Säitenhalt an de Kéieren. D'Fuerwierk ass zwar net Knëppel haart, mee iwwer de Strooss Belag kréien Chauffer a Passagéier awer vill mat. An d'Mall passen 300 Liter, wann e just zu zwee ass, da kann awer op 1000 Liter erweidert ginn. E Frunk vir gëtt et net.
Froe mir natierlech och wat kascht de Spaass?
Och hei, Mini oblige, rifft een dach ganz selbstbewosst Präisser op. Eisen Testauto, an der neier Fuerf Sunset Blue, mat vill Luxus, Assistenz a Multi Media Ekipement koum op 47 600 Euro.
Also no bäi 50 Mille deemno fir e Mini.