© Akim Schmit
Am Automag vun haut steet en Auto am Mëttelpunkt, deen ze kleng, ze deier an dem Noper vläicht ze haart ass. Rieds geet vum BMW M2, deen den Akim Schmit fir eis op Häerz an Nieren testen duerft.
M steet bei BMW fir déi besonnesch sportlech Modeller. Den éischten M2 gouf 2015 virgestallt, déi zweet Generatioun 2023 a genee déi krut elo e Facelift a méi Leeschtung spendéiert. Häerzstéck ass nach ëmmer en 3.0 Liter Reie-Sechszylinder Bensinner mat BiTurbo Opluedung. An dee schéckt elo 480 Päerd (353 kW) – dat sinn der 20 méi ewéi virdrun - un déi hënnescht Rieder. Mat der 8-Gang Automatik bass de a 4 Sekonnen op Tempo 100.
Dat kléngt fir mech elo méi no Sportsmaschinn wéi no engem Auto fir den Alldag?
Am Fall vum M2 verschmëlzen 2er Coupé an Technik vum M3, an domat och déi jeeweileg Vir- an Nodeeler. Gutt gefall hu mer d’Iwwersiicht an den Handling, manner gutt de schwieregen Accès an déi winzeg zweet Reih… An och beim Fuerwierk muss ee wësse wourop ee sech aléisst: den M2 ass gebaut fir och um Circuit eng gutt Figur ze maachen; am Feierowend-Verkéier kéint de knëppelhaarde Chassis mol ze vill däers Gudde sinn.
Däin Androck ass also duerchwuess, oder ieren ech mech?
Den M2 ass eng Sportsmaschinn an am Beruffsverkéier ënnerfuerdert. Wann een awer emol fräi Bunn huet dréit sech d'Blat. D’Stroosselag ass optimal, d’Steierung direkt, d’Bremse gutt ze doséieren, d’Leeschtung läit ouni Turbolach un an trotz Heckundriww a 480 Päerd kritt een d’Leeschtung op de Makadamm. Ech hu mech u Bord allefalls wuel gefillt.
A propos u Bord: wéi gesäit et da bannendran aus ?
Sportlech a mam « Curved Display » praktesch ewéi all neie BMW. En Highlight waren am Testauto déi optional Sportsëtzer mat beliichtem M-Logo an de Kappstäipen. Allgemeng mecht de Banneraum erëm méi en héichwäertegen Androck wéi dat nach bei menge leschte BMW-Testautoe war.
Vläicht nach e Wuert zum Präis. Esou en M2 ass bestëmmt keng gënschteg Affär…
Vill Leeschtung heescht och vill Duuscht. Ouni ze iwwerdreiwe louch mäi Verbrauch bei knapp iwwer 10 Liter/100 km. Zum anere start den M2 bei 77.500 Euro an et läit ee séier iwwer 90.000 Euro. Et brauch een also Charakter: op der Strooss genee esou wéi beim bestellen.
+ Fuerwierk an Handling
+ Klang
+ Ergonomie
- Accès an déi zweet Rei
- Leschten M2 mat Verbrenner
- Ze Schued an ze extrem fir den Alldag