Zenter dem 21. Jorhonnert huet den Autosmarché evoluéiert; d’Autoe ginn ëmmer méi grouss, méi schwéier, méi sophistikéiert – a méi deier! Op den Dacia Product Days zu Paräis gouf sech d’Fro nom populären Auto vu muer gestallt an de Journalisten gewisen, wéi Dacia sech d’Zukunft virstellt. De Paul Origer war fir eis dobäi.
Paul, d’Dacia Product Days hunn also direkt mat engem Paukeschlag ugefaang!
Absolut. Iergendwéi weess Dacia ëmmer nees ze iwwerraschen, an dat war och do de Fall. An dobäi hate si mat engem wäisse Blat Pabeier ugefaang. Op wat kënnt et muer un? Wat ass dann nach essentiel? A wéi mécht een den Zougang zum Elektroauto jidderengem méiglech? E bësse wéi den Ierwen vum Logan, dee virun 20 Joer d’Symbol vum Auto fir jidderee war. An d’Äntwert dorop heescht Dacia Hipster Concept. An enger Zäit wou mer es anscheinend net genuch kréien, reduzéiert den Hipster sech op dat wiesentlecht: Een nëmmen 3 Meter kuerzen abordabelen Auto mat 4 Sëtzplazen, enger Mall an engem einfachen, mee prägnanten Design.
Ouni dat ee muss op ze vill verzichten?
Ma nee, trotz sengen 1m52 Héicht an 1m55 Breet ass den Hipster banne méi grouss wéi baussen. Wëll et guer keng Iwwerhäng ginn, geet vun deenen 3 Meter net vill verluer. E kann entweder 4 Leit oder bei ëmgeklappter Réckbänk awer nach eng Wäschmaschinn transportéieren. A gleef mer, ech hat béides getest. De Banneraum bleift genee wéi de Baussendesign minimalistesch, an zwar mam Motto “Bring your own device”: d’Aufgab vum Infotainment iwwerhëlt den eegene Smartphone an iwwert de YouClip-System kann een op 11 verschiddene Punkten genee deen Accessoire ophänke deen ee brauch; e Lautsprecher, eng Luucht, eng Oflag an esou virun.
De Verzicht op Onnéideges bréngt jo dann och nach vill aner Virdeeler!
Korrekt, zum Beispill manner Gewiicht. Den Hipster weit schonn emol 20% manner wéi de Spring, deen aktuell liichtste Modell vun Dacia. An dovunner profitéiert de Verbrauch an d’Autonomie. Wëll trotz senger Gréisst soll den Hipster ee vollwäertegen Auto sinn, deen een am Alldag net aschränkt. Den einfachen Design an net ze vill Chichi mécht sech awer och bei Reparature bezuelt; riicht Formen bei Karosserie a Fënsteren, simpel Matière wéi duerchgefierfte Recycling-Plastik – dat kascht manner Suen.
Den Hipster Concept ass jo nach Zukunftsmusek oder kann een sech schonn drop freeën?
Bezuelbar a minimalistesch Autoe ginn et de Moment leider esou gutt wéi keng an dat esou ee Konzept fonctionéiert, huet Dacia jo scho virun 20 Joer mam Logan erlieft. Ech denken dat déi richteg Resonanz si motivéiert, weider un deem Projet ze bleiwen a geschwënn mam Hipster een neie Coup ze landen!