Et sinn eréischt e puer Joer hir, dat BYD séng Zelter zu Lëtzebuerg opgeschloen huet. Antëscht ass d’Gamm nawell zolitt gewuess a bitt fir all Goût a Besoin, esou hofft BYD, de richtege Modell. De Paul Origer hat dat aktuellt Flaggschëff, den Elektro-SUV Tang, am Laangzäittest.

20/10/2025 AUTOMAG BYD Tang

Den Tang gëtt et u sech schonn zenter 2014. Eisen Testauto war de relativ rezente Facelift vun der 2018 lancéierter zweeter Generatioun.

Den Design

Trotz bal 5 Meter Längt a knapp 2 Meter Breet gesäit de 7-sëtzegen SUV modern a futuristesch aus, allerdéngs och wuchteg an imposant. Zesumme mat der Héicht vun 1m72 ass net nëmme beim Eraklammen eng gewësse Fitness virausgesat, och an enke Parkhaiser sinn déi serieméisseg Kamerasystemer am Tang net vu Muttwëll.

Den Interieur

Wann ee sech Flaggschëff nennt, da muss vu Plaz bis Veraarbechtung alles stëmmen. An hei kann een dem BYD Tang net vill ukräiden. Am Géigendeel; Lieder, Alcantara, Stoff, alles fillt sech héichwäerteg a gutt verschafft un. Typesch BYD ass de groussen dréibare Schierm, iwwert deen dann och quasi alles gesteiert gëtt. Just nach e puer Knäppercher um Steier an op der Mëttelkonsol bleiwe fir wichteg Funktiounen iwwereg. Mat 2m80 Radstand bitt den Tang awer virun allem Plaz; an der éischter an zweeter Rei esouguer vill, d’Plaze 6 a 7 an der Mall sinn awer wéi esou dacks éischter fir den Noutfall. Also besser se am Buedem geklappt loossen an de Stauraum doriwwer notzen, fir deen een iwweregens héich genuch hiewe muss.

Op der Strooss

Mam Facelift huet den Tang en Update vu sengem Akku kritt; d’Leeschtung klëmmt vu 86 op 108 kW-Stonnen, wat theoretesch eng Autonomie vu 530 km versprécht. Och d’Luede gouf verbessert; vu 7 op 11 kW beim AC a vun 110 op maximal 190 kW beim DC-Stroum. Also ideal fir nees e Laangstreckenchallenge mam Tang ze woen. Schliisslech bitt e serieméisseg alles, wat d’Liewen am Auto méi schéi mécht; gemittlech Liedersëtzer mat Heizung, Lüftung a Massage, Panoramadaach, eng richteg gutt Anlag vun Dynaudio an all méiglech Assistenzsystemer. An der Praxis hu schonn emol déi zwee staark Motore gefall; 517 PS a 680 Nm, domat kann den Tang a 4,6 Sekonnen op 100 sprinten – net iwwel fir esou een 2,7 Tonne schwéiere Familljebomber. Allerdéngs sinn d’Kiloen zesumme mam héijen Opbau net nëmmen e liichten Dynamik-Killer op der Landstrooss, se suckelen och un der Batterie; 25 – 30 Kilowattstonne bei moderéiertem Autobunntempo ass scho vill. Zemools wann ee 500 a méi Kilometer ze fueren huet. Leider huet och d’Software vum Tang seng Schwächten; den automatesche Lenkassistent hat net ëmmer Loscht, d’Menüféierung vum Infotainment ass deels ee Labyrinth an den Navi krut en Trajet mat Luedpausen einfach net hin. Wéinstens erreecht en un der CCS-Borne séier de Palier vun ca 170 kW an hält domat méi oder manner déi relativ kuerz Luedzäit vun 10 op 80% an. Informatiounen iwwert déi dozou gewonnen Autonomie gëtt et beim Lueden allerdéngs net.

Am Résumé

Wou kritt ee fir ënner 70.000, nämlech ronn 66.000 Euro een Allrad-SUV mat Leeschtung op Sportswon-Niveau, 7 Sëtzplazen a Luxus-Equipement? Jo, bei BYD! Wann séng puer Schwächten engem näischt ausmaachen, da kritt ee wierklech vill Auto fir seng Suen.