Verschidden Tankstellen hu souguer rondrëm d'Auer op.

02/02/2022 Business News

Zanter 21 Joer gëtt et de Petro-Center, e Lëtzebuerger Familljebetrib deen 23 Tankstellen hei am Land bedreift, dorënner zanter 2021 och eng zu Rosport. Ënnert dem Sammelbegrëff One Stop – all you need, fannen d’Auto-a Motosfuerer ob de verschiddenen Essotankstellen alles wat se brauchen, vun Uelechkontroll iwwer Autowäsch bis zum Restaurant. Et gëtt och e Buttek fir Kaddoen oder Liewensmëttel.

Zu Leideleng an um Sennengerbierg gëtt et souguer e Floral Design, dat heescht e professionelle Blummebuttek op der Platz.

Fir Betriber ass och d‘PFC Fuel Card intressant. Dir gesitt d’Tankstellen ënnerwee, an Dir fannt se op petro-center.lu.