De Buedemleër vun Eilereng

Vill méi wéi just Biedem
Beim Buedemleër vun Eilereng gëtt et elo eng ganz grouss Nouvelle, well zanter dësem Summer hunn si déi ganz grouss grouss Éier den Titel "Fournisseur de la Cour" dierfen ze droen.
Eng Auszeechnung déi, wéi si selwer soen, si motivéiert hire Clienten nach méi, déi beschte Qualitéit an de beschte Service ze bidden.
Si felicitéieren dann och dem neie Groussherzog Guillaume a wënschen him vill Freed an Erfolleg a senger neier Roll.
De Buedemleër begleet schonn zanter 30 Joer privat a professionell Clientë bei der Gestaltung vun hirem Interieur :
Buedembelag, Riddoen a Storen, Teppecher op Mooss a souguer akustesch Léisunge fir nach méi Wuelbefannen doheem oder am Büro.
Zanter engem Joer hunn si dann och d'Departement Teppecher a Riddoe vun Tapis Hertz iwwerholl.
Och hei féieren si hir Traditioun mat gewinnter Qualitéit a Service weider.