Klima Agence invitéiert:
Dëse Sonnden ass an der Coque den GOElectric Day

Dir sidd invitéiert.
D’Elektromobilitéit ass e grousst Thema de Moment. Wann een dann Froen zu Elektroautoen oder Vëloen hätt, da geet een am beschten dëse Sonndeg an d’Coque laanscht. Den Andrea Galleti erzielt eis wisou sech dat lount:
Hei gëtt een alles gewuer iwwert déi elektresch Mobilitéit, d‘Lueden, de Leasing an d’Bäihëllefen. Et ass och méiglech sech iwwert 30 verschidden Elektroautoen op der Plaz unzekucken an esouguer domadder ze fueren. Hei kann een direkt mat de Leit vum Fach schwätzen.
Dofir entdeckt, probéiert a wiesselt op d‘Elektromobilitéit! Méi Informatioune fënnt een elo schonn op goelectric.lu
Dëst ass eng Initiativ vu Klima-Agence a vum ACL.
17/10/2025 Business
Am meeschte gelies