De Motto vun der ULT ass „Zesummen si mer staark“ .

A virun allem an dësen Zäiten ass et wichteg zesummen ze schaffen. An dofir begréissen d’ULT an hir Partner, Voyages Flammang, Voyages Emile WeberCFL Evasion och elo We Love To Travel, Neptun Cruises LuxembourgCruisopolis an hirer Ekipp – fir hire Clienten erweidert an divers Offere kënnen unzebidden. D‘Offer ass an dräi Segmenter opgedeelt:
- ULT Tours – Reese mam Fliger an Zuch ronderëm de Globus;
- ULT Cruises – Croisièren egal op um Mier oder Flëss an
- ULT Busreesen: déi wéi den Numm et verréit komfortabel a gutt organiséiert Busreesen duerch ganz Europa ubitt.

De Fréijoers-Katalog, fannt Dir elo schonn online. An och d’Summer 2022 Kataloge fannt Dir deemnächst op ult.lu

Business News - ULT - Freideg 11/02/2022