Profitéiert elo vun der Promo an alle Supermarchéen!

RTL-Business 16.2.2022

D’Boufferdéngsbrauerei ass „Supporting Partner“ vun Esch2022. D’europäesch Kulturhaaptstad freet sech, getrei hirer Devise „Remix Culture“, iwwer eng flott Declinaisoun vu Graffiti-Molereie vum Artist Alain Welter op de Béierfläschen, dem Emballage, 1,5 Millioune Béierdeckelen an enger limitéierter Serie vu 15.000 Fluten.

3 verschidde Motiver goufen op risegen Toillen erstallt, ronderëm déi 4 Bestanddeeler vum Béier, ënnert dem Motto: „Beer gang et les simply 4 funky ingredients“. Déi goufen duerno op d’Emballagen deklinéiert an de 6-Pack Bofferding ass dann elo recto-verso grad esou erfrëschend, wéi säi Contenu.

An de Supermarchéen waart och elo eng Promo op Iech, mat der Méiglechkeet, Är Kollektioun u Bofferding-Béierglieser ze erweideren. An natierlech wäert de Boufferdéngsbéier och op allen Eventer vun Esch2022 present sinn, zum Beispill och op der grousser Ouverture e Samsdeg 26.2.

RTL-Interview mam Alain Welter