"Foire aux vins" am Delhaize
De Supermarché wierdegt d’Talent an d’Aarbecht vun de Fraen am Wäisecteur
Den Delhaize invitéiert vum 17. Februar bis de 16. Mäerz op seng 1. Wäifoire fir dëst Joer. An an deem Kader wëll de Supermarché d’Talent an d’Aarbecht vun de Fraen an deem Secteur wierdegen.
Nieft dem Accord „Mets et vins“, deen zanter 2 Joer e grousse Succès huet, setzt den Delhaize dëst Joer och nach méi speziell d’Fraen aus dem Wäibausecteur an Evidenz, vun der Wënzerin, iwwer d’Akeeferinne bis zur Sommelière! An dat och well eng Fra anescht degustéiert, wéi e Mann. Nieft innovative Formater an Emballagen, setzt den Delhaize op der Foire aux vins nieft alle Klassiker a Wäiner aus aller Welt och op d’Qualitéit vun der Lëtzebuerger Musel. D’Offer u Wäiner ouni zousätzleche Schwiefelzousaz gouf och ausgebaut. Et erwaarden Iech super Promotiounen, wéi 2+1 gratis, a 25% Remise op iwwer 200 Wäiner, vins mousseux a Wäiner ouni Alkohol. All Woch kommen dann och nach 2 Promoen 1+1 derbäi, och online.
Des Editioun vun der „Foire aux vins“ am Delhaize proposéiert dem Client och 15 Wäiner mat engem perfekten Accord mam passende Plat, Accorden mat der Charcuterie an dem Kéis a verschidde Béierzorten, déi gutt bei de Wäi passen an ëmgedréint. Loosst Iech verwinnen an all Delhaize an op delhaize.lu!