Fannt hei Marke wéi Scapa a Gabor a nach vill méi!

Zu Mondorf fannt Dir elo mat MESHOES, direkt nieft MELORD, am Zentrum vum Duerf een neie Schongbuttek mat engem perséinlechen a professionellem Service. Hier Marke fir Frae gi vu Gabor a Semler iwwert Scapa bis Kennel & Schmenger an och Hären si mat de Marke Lloyd a Floris van Bommel gutt versuergt. Hier Offer hält do awer nach net op an Dir fannt och Posche vu Scapa a vum klenge belsche Label Mondieux Madame.

Och fir déi nächst Saison wäerten et Neiegkeete mat ënner anerem der Mark Peter Kaiser ginn. Dir gesitt, et gëtt ëmmer eppes Neies. Kommt bis ran loossen, d’Ekipp berot Iech gären.

Business - Meshoes - 09/03/2022