Zu Angelduerf geet den 1. Abrëll e neien Site vum ACL op
Hei ginn et bal all Servicer déi een zu Bartreng an der ACL Zentral kritt.
Zu Angelduerf geet vum 1. Abrëll 2022 un e ganz neie Site vum ACL op, an zwar op der Haaptstrooss tëschent Dikrech an Ettelbréck. Wat nei ass, ass datt et hei elo och bal all Servicer gi vun deenen ee soss just zu Bartreng konnt profitéieren. Hei kann een dann z.B. och Locatiounsween vum ACL Clubmobil siche goen oder erëm ofginn.
Um neie Site ass och en ACL Shop a natierlech kritt een hei och déi bekannte Berodung zu engem senge Reesen oder den ACL Servicer an Abonementer.
Just den Diagnostikzenter vum ACL gëtt et weiderhi just zu Bartreng. Den anere Site zu Dikrech am Autosmusée ass just nach bis Enn Juni op. Gitt och op ACL.lu