10 Joer Vespa Club Roude Léiw Lëtzebuerg
150 Vespa-Modeller aus de 50er Joere bis haut
An der Belle Etoile ass nach bis de Samschdeg 7. Mee eng grouss Vespa-Ausstellung. Am Kader vum 10. Gebuertsdag vum Vespa Club Roude Léiw Lëtzebuerg ass deen italienesche Kultscooter a Form vun enger Harespel de Star am Shoppingcenter.
150 Vespa-Modeller aus de 50er Joere bis haut sinn an der Galerie ausgestallt. Hei kënnt Dir also och ganz rar an originell Gefierer gesinn, wéi z.B. den Auto Vespa 400, d’Dräirad-Vespa APE oder och nach ee vun den éischten Exemplaire « faro basso ». Wärend der Ausstellung kënnt Dir och bei engem Concours matmaachen an eng Vespa Primavera S blu 125cc gewannen.
D’Vespiti vum Vespa Club Roude Léiw Lëtzebuerg freeën sech op Äre Besuch fir hir Passioun mat Iech ze deelen. Si hunn elo schonn 382 offiziell Memberen a sinn domat ee vun de gréisste Vespa-Clib an Europa! Méi Informatioune ginn et op vespaclub.lu an op be.lu