Elo 57 Geschäfter am ganze Land!

RTL-Business 27.4.2022

Den Delhaize feiert 100 Joer hei zu Lëtzebuerg a si hu sech selwer an hire Clienten dee schéinste Kaddo gemaach: en neit Geschäft zu Esch. De Proxy Delhaize Esch Gare gouf aus der Uelzéchtstrooss an d’Avenue de la Gare verluecht!

Am Proximitéitsgeschäft schaffe 14 Mataarbechter ronderëm de Gerant Joé Hatto op 490m2 a bidden iwwer 5.000 verschidde Produiten un, déi een a 5 Keese ka bezuelen. A breede Gäng a mat enger agreabeler Beliichtung gi vill Convenience-Produkter vu Lëtzebuerg, aus Portugal an aus aller Welt ugebueden. Fir Brout, Fleesch, Fësch, Wäin, Uebst a Geméis gëtt et en eegene Rayon, e.a. mat ville Produkter mam Label Nutri-Score A a B. Den neie Proxy Delhaize Esch Gare ass all Dag an der Woch op vu moies 7.00 bis owes 20.00, samschdes vu 7.00 bis 19.00 a sonndes vu 7.00 bis 14.00.

Domat huet den Delhaize elo 57 Geschäfter am ganze Land an an deene ginn déi 100 Joer dann och mat den 360.000 Clienten pro Woch gefeiert. Bei all Akaf iwwer 50 € kritt een zum Beispill d’Kaartespill „Monopoly Deal Delhaize“ geschenkt. Et ginn „100 Joer“-Produkter an 150 speziell Promotiounen. Nieft deenen Aktiounen setzt den Delhaize och weider konsequent op d’Nohaltegkeet mat allerlee Mesure fir hir CO2-Bilanz ze verbesseren. Zanter Januar kënnen d’Clienten zum Beispill en digitale Keesenticket geschéckt kréien.

RTL-Interview mam Country Director Cédric Gonnet
RTL-Interview mam Jean-Paul Kieffer a Joé Hatto