Huelt Är Wäiner direkt mat a profitéiert vun enger Remise vu 15 %!

RTL-Business 27.4.2022

Dëse Sonndeg, um 1. Mee, ass nees deen traditionelle Proufdag an der Kellerei zu Rëmerschen. No 2 Joer Pandemie-Abstinenz kënnen dann nees tëscht moies 10.00 an owes 19.00 déi beschte Wäiner aus deene 6 Vinsmoselle-Kellereien an de Caves du Sud geschmaacht an zu besonnesch gënschtege Konditiounen kaf ginn.

Ënner anerem den neie Joergang 2021, deen am Wéngert net einfach war, mee d’Kellermeeschteren hunn nawell e gudde, klassesche Millésime draus gemaach. Entdeckt d’Wäiner vun de Marken „Les Vignerons de Domaines Vinsmoselle“, „Château Edmond de la Fontaine“, „Vignum“, „Jongwënzer“, d‘„Charta Schengen Prestige“, d‘Vendange Tardive, de Stréiwäin an déi ganz Gamme vu POLL-FABAIRE, mat der fonkelneier Cuvée Télévie. Fir 10 € kënnt Dir no Häerzensloscht schmaachen an Dir kënnt Äert Schott & Zwiesel Degustatiounsglas och halen.

All d'Wäiner kënnen direkt mat enger Remise vu 15 % matgeholl ginn a fir Iessen an Drénken ass beschtens a villsäiteg gesuergt! D'Kanner ginn optimal betreit a fir Live-Musek ass och gesuergt.

Erhuelt Iech also um Dag vun der Aarbecht um Proufdag an der Rëmerscher Kellerei an dee ganze Programm fannt Dir am Detail op vinsmoselle.lu!

RTL-Interview mam President Josy Gloden
RTL-Interview mam Direkter Patrick Berg