Fannt hei déi beschten Occasioune vu Fiat an Abarth

Et hat virun e puer Wochen am Garage Chlecq zu Esch gebrannt, ma d’Clienten an och d’Interessente vum Occasiounsmaart kënne berouegt sinn.

D‘ Feier hat di komplett Ausstellung, mat den Autoen déi dra stoungen, esou wéi d’Büroen zum Deel komplett zerstéiert.

Zum Gléck konnte sämtlech Aarbechten am Atelier weiderhi garantéiert ginn.

De Service Vente, Après-vente, esou wéi all di aner administrativ Servicer konnten dunn och relativ séier, zwar provisoreschen, mä dofir an top-equipéierte Büroe virun der Dier installéiert ginn.

Dat heescht also dass dir och elo wärend dem Occasiounsfestival, am Fiat-an Abarth Garage Chlecq zu Esch/Uelzecht op näischt ze verzichte braucht.

11/05/2022 Business