Si organiséieren och Steak Tastings a Grillcouren

RTL-Business 13.5.2022

D’Firma „Feier a Flam“ steet zanter 2016 fir Leidenschaft ronderëm d‘Grillen. Si bidden hire Clienten Grillmaterial a Grillaccessoire vun héchster Qualitéit un. Aktuell féiert „Feier a Flam“ Qualitéitsmarke wéi Napoleon, Broil King, Monolith, Alfa Forni, Petromax, Dry Ager, Weber, Meater, Ankerkraut a vill anerer méi.

Hiert ganzt Grillmaterial ass online bestellbar a ka bequem geliwwert ginn oder an hirem Grillshop um Wandhaff ofgeholl ginn. Nieft dem Verkaf vu Grillmaterial weise si och an hire Steak Tastings a Grillcouren, wéi een all dat Material benotzt a wat een alles domat ka maachen. An hirer Grill-Akademie fannt dir Informatiounen zu de verschiddene Variante vu Steak Tastings, wéi dem Steak Tasting Whisky Spezial an och zu der aktueller Palette u Grillcouren.

Besicht den Tom Ewerling a seng qualifizéiert Equipe bei „Feier a Flam“ um Wandhaff oder op feier-a-flam.lu.