Reservéiert elo an all Agence vun der ULT

RTL-Business 13.5.2022

Sales-Lentz lancéiert déi éischt organiséiert Vëlosreese vu Lëtzebuerg aus. BikooTrip verbënnt Tourismus mat Cyclissem, fir Amateuren a Profien, déi déi schéi Säite vun Europa méi gréng wëllen erliewen.

Laanscht d’Schlässer vun der  Loire, duerch dat mëttelalterlecht Bern, laanscht den Eiffeltuerm oder duerch de Schwarzwald – BikooTrip mécht all dat méiglech, wat et bis elo nach net ënnert där Form hei am Land gouf. Dir sicht d’Rees eraus, oder eng déi scho fäerdeg geplangt ass, Äre Vëlo oder deen, dee komplett equipéierten an elektreschen, dee BikooTrip Iech zur Verfügung stellt, gëtt an de speziellen Unhänger vum komfortabele Bus gemaach an da geet et lass.

D’Iddi kënnt aus der Belsch. Bei all Grupp vun 10 bis 40 Leit ass e Guide derbei an esou kënnt Dir Land a Leit an engem ganz komfortabele Suedel entdecken. Frot no der Offer vu BikooTrip an allen Agencen vun der ULT a surft op bikootrip.lu.

RTL-Interview mam Xavier Kieffer