Eng ganz faarweg a lieweg Foire, mat ville flotte Stänn mat Degustatiounen, Virféierunge vun Déieren a Maschinnen an Animatioun fir d’Kanner

RTL-Business 13.5.2022

De Weekend vum 1. bis den 3. Juli ass nees déi traditionell Foire Agricole an den Däichwisen zu Ettelbréck. Déi gutt Nouvelle, dass déi beléift Foire dëst Joer erëm an der gewinnter Form ka stattfannen, hunn d’Organisateure jo des Woch op enger Pressekonferenz schonn ugekënnegt.

D’Stad Ettelbréck gëtt bei deem Mega-Event, wat virun der Pandemie eng 40.000 Visiteuren op 3 Deeg empfänke konnt, ënnerstëtzt vum Landwirtschaftsministère, dem Lycée technique agricole, dem Ministère vun der Protektioun vum Konsument an dem Educatiounsministère. Op der Foire Agricole ginn dann och dëst Joer gläich 3 ronn Gebuertsdeeg gefeiert: 50 Joer Limousin Lëtzebuerg, 100 Joer Lëtzebuerger Studbook an 100 Joer Union des Sociétés avicoles du Grand-Duché de Luxembourg – also am Ganzen 250 Joer Déierenzuucht zu Lëtzebuerg, fir déi och 3 speziell Timberen op Postkaarten eraus kommen. Fir de Rescht wäert et nees eng ganz faarweg a lieweg Foire ginn, mat ville flotte Stänn mat Degustatiounen, Virféierunge vun Déieren a Maschinnen an Animatioun fir d’Kanner, déi bis 16 Joer a Begleedung vun den Eltere fir näischt erakommen.

Den Entrée fir déi Grouss kascht 8 €! Billjeeë kritt een op fae.lu, grad esou wéi all weider Informatiounen. A fir déi, déi den 1. Juli-Weekend verhënnert sinn, och kee Problem: op FAE.TV ginn déi 3 Deeg iwwer 20 Stonne live gesend op verschiddene Streaming-Plattformen an natierlech och op RTL.LU.