„Happy Muppi“ an der Belle Etoile
Fir déi, déi en Hond hunn an all déi, déi ee wëlle kréien...
Vum 18. bis den 28. Mee heescht et „Happy Muppi“ an der Belle Etoile. Den treien, intelligenten, léiwen a beschte Frënd vum Mënsch steet also hei am Mëttelpunkt.
Fir all déi, déi schonn en Hond hunn, a fir déi, déi sech ee wëllen uschafen, stinn hei Professioneller aus der Hondswelt Ried an Äntwert: Hondscoachen, eng Dagescrèche, eng Hondspensioun, en Hondscoiffeur asw... All Dag ginn et Demonstratiounen a Konferenze mat Spezialiste wéi den Hondstrainere Mike Peter a Fanny Rieth, der Hondsphysiotherapeutin Joëlle Michels an dem Tanja Forette vu Sichhenn.lu. Donieft gesitt Dir och original Fotoe vum Déierefotograf Olivier Meli vu Muppeschnuff, deen och e puer Shootingen an der Belle Etoile organiséiert.
A wann Dir Äre Mupp mat engem Leckerli wëllt belounen, dann invitéiert d’Belle Etoile op de Stand vu Coffi Cook mat hausgemaachen Hondskichelcher. Do kann een esouguer och Gebuertsdagskuche bestellen ! D’Gaasperecher Déierenasyl ass och do fir iwwer hir Organisatioun an d’Adoptioun vun engem Hond ze informéieren.
« Happy Muppi » also bis e Samsdeg 28. Mee an der Belle Etoile an op be.lu