Op Mooss, sief et fir 30, 45, 60 oder 90 Minutten!

RTL-Business 8.6.2022

Dir fillt Iech nom laange Wanter ganz verspaant? Firwat net mol eng Massage buche fir sech gutt duerchknieden ze loossen?

„De Masseur“ bitt Iech e grousse Choix u Massagen, déi alleguer op Mooss ugepasst kënne gin, sief et fir 30, 45, 60 oder 90 Minutten! Et ass fir jiddereen dat passend dobäi, sief et eng méi kräfteg Massage oder just eng fir ze entspanen! An dat bescht: „De Masseur“ huet och Kaddosbongen, déi een online op demasseur.lu ka kafen, fir  d‘Famill a Frënn an natierlech speziell fir Mammendag dëse Sonndeg 12.6.! All Massage gëtt da bei all Rendez-vous individuell op de Client ofgestëmmt, esouwuel wat d’Pressioun an d’Zone ubelaangt!

„De Masseur“ verwinnt Iech op der Kockelscheier, zu Gaasperech, zu Zolwer, zu Beetebuerg, zu Miersch an um Lampertsbierg a kënnt och op Wonsch Massagen a Betriber maachen.