Den Eifelpark ass all Dag vun 10 Auer un op, all d'Attraktioune sinn am Entréespräis enthalen

10/06/2022 Business

Direkt zwou nei Attraktioune ginn et am Eifelpark, an déi si nawell spektakulär!

Déi eng heescht „Wildwechsel“ bei där een an engem Woon sëtzt, deen een da selwer mat engem Hiewel kann drifte loossen! Déi aner ass de "Platzhirsch", mat dem ee 50 Meter duerch d’Luucht gewirbelt gëtt. Dëst sougenannt Loopingkarussel soll de 16. Juni opgoen.

Den Eifelpark ass ronn 100 Fussballfelder grouss a bitt eng eenzegaarteg Kombinatioun aus Fräizäitpark an Déierepark.
Ideal also fir Spaass an awer och Erhuelung fir déi ganz Famill. A souguer den Hond duerf een un der Léngt mathuelen. Gitt op eifelpark.de.

RTL