Kannerfest am Munnerefer Domaine Thermal
Vu moies 11.00 bis owes 18.00, op der Spillplaz vum Restaurant Chalet am Brill
Op Nationalfeierdag, dësen Donneschdeg 23. Juni, invitéiert de Munnerefer Domaine Thermal op säi grousst Kannerfest, vu moies 11.00 bis owes 18.00, op der Spillplaz vum Restaurant Chalet am Brill.
Den Domaine Thermal bitt de Famille mat hire Kanner do allerlee flott Animatiounen an Atelieren: XXL-Intefëschen, Béckseschéissen, Kannerschminken, Theater, e Concert vun der Museksschoul, Photobooth, Sprangschlässer, kleng Gaardenaarbechten, Waasserspiller a vill aner Spiller, bei deenen et och super Präisser ze gewanne ginn. An iwwerdeems ginn d’Elteren, an d’Kanner natierlech och, mat Grillspezialitéiten, Fish&Chips, Bretzelen, Paangecher a Glace verwinnt.
D’Detailler fannt Dir op mondorf.lu.