„Memo de Luxembourg“ vun A.K. Creation & Design
41 Puer fotografesch an aner Motiver iwwert eist schéint Lëtzebuerger Land
Spillen an entdecken gehéieren zum Liewen, fir déi Kleng ewéi fir di Grouss. Speziell fir Nationalfeierdag stelle mir Iech dat neit Memory-Spill iwwert Lëtzebuerg, de „Memo de Luxembourg“ vun A.K. Creation & Design vir, an deem 41 Puer fotografesch an aner Motiver iwwert eist schéint Lëtzebuerger Land vertruede sinn.
Ënnert aneren sinn de Ris aus dem Beetebuerger Park, verschidde vun eise schéine Schlässer, d’Maus Ketti, e puer vun eisen typesche kulinaresche Spezialitéiten, verschidde reegelméisseg, speziell Evenementer, d’Rëmelenger Minnen, esou wéi verschidde Saachen, déi einfach mussen dra sinn: e Luxair- an e Cargolux-Fliger, d’Marie-Astrid, d‘Container vun der CFL Beetebuerg, den CFL-Funiculaire vum Kierchbierg, den alen an den neien Tram.
Spaass an Erliefnes fir d'ganz Famill sinn deemno garantéiert. Dëse Memory fannt Dir an all Ernster-Filial an online op ernster.com, mee och a verschiddene Valora-, resp. K-Kiosken, an alle Match-Geschäfter, a Spillsaachegeschäfter uechter d’Land, am Eicatcher zu Gréiwemaacher an am Beetebuerger Park. A passt op, déi Kleng hunn nämlech e bessert visuellt Gediechtnes, wéi d’Erwuessener!
Mir wënschen Iech all ganz vill Spaass beim Spillen.