8 Metzlereien an den Delhaize-Geschäfter zu Stroossen, Capellen, Bartreng, Alzeng, Jonglënster an an de Proxye Beetebuerg, Cents an Dippech

RTL-Business 22.6.2022

Den Delhaize huet seng Zesummenaarbecht mam EMO nach weider ausgebaut. Am Kader vun den 100 Joer Delhaize zu Lëtzebuerg passt et dann och gutt, dass den Traditiounssupermarché als Partner an der Metzlerei den EMO erausgesicht huet, deen nach vill méi eng laang Geschicht, nämlech zanter 1865, opweises huet.

Den EMO passt och mat senger handwierklecher Qualitéit an dem professionelle Service an d’Philosophie vum Delhaize, déi do heescht « besser iessen, fir besser ze liewen ». Den EMO huet schonn 8 Metzlereien an den Delhaize-Geschäfter zu Stroossen, Capellen, Bartreng, Alzeng, Jonglënster an an de Proxye Beetebuerg, Cents an Dippech. An deenen Ateliere schaffen 38 qualifizéiert Mataarbechter.

Si verschaffen haaptsächlech Lëtzebuerger Fleesch vum Rand, vum Schwäin a vum Schof. Hire Fournisseur ass d’Cobolux, CEE-certifiéiert a permanent kontrolléiert vun der Lëtzebuerger Inspection vétérinaire. Just déi beschte Béischte ginn hei erausgesicht, no ganz strenge Kriteren. Den EMO proposéiert och eng Gamm Lëtzebuerger Bio-Fleesch an d’Bestseller an der Bio-Charcuterie mat de Mettwurschten, de Grillwurschten an de Wiener.

Am Delhaize fannt Dir och all hir hausgemaachen Traîteursprodukten : preparéiert Platen, BBQ-Zaloten, gemëschten Zaloten, kleng Snacks, Fleesch am Bliederdeeg asw... An d’EMO-Charcuterie gëtt mat traditionelle Rezepter gemaach, déi vun de Metzleren vu Generatioun zu Generatioun iwwerliwwert goufen.

RTL-Interview mam Paul Faltz a Cédric Gonnet