Nach bis de 6. August

RTL-Business 15.7.2022

„Loosst d’Poppen danzen“ : dat ass nach bis de 6. August d’Devise vun enger flotter Ausstellung an der Belle Etoile. „Kannerdreem – Poppe vun 1850 bis haut“ ass d’Iwwerschrëft vun där Expo, déi Iech duerch déi verschidde Joerzéngte vun den am ganzen iwwer 170 Joer féiert, mat deenen ënnerschiddlechste Poppen a Matièren. Zanter dem Mëttelalter bestëmme Poppen d’Dreem vu klénge Meedercher.

Déi éischt sougenannt “Docken” waren aus Holz a Leem. Si hate keng Äerm a keng Been. Duerno huet sech de Marché vum Pabeier lues developpéiert a mam Biscuitsparzeläin an anere Materialien goufen d’Spillgezeisdamme méi reng. Am Stil vun der Zäit, opwänneg gekleet, ware si och Ambassadrice fir d‘Moud. Mat der neier Entwécklung vun der Bebéspopp huet si d’Kannerspill beräichert, mee eréischt am 19. Joerhonnert gouf d’Popp zum elementare Spillgezei fir d‘Meedercher.

De Poppenexpert Thomas Dahl ass déi nächst Wochen zu Gaascht an der Belle Etoile! Wann Dir eng al Popp oder Accessoiren hutt a wëllt wësse, wat se wäert ass a wou se hirkënnt? Den Thomas Dahl schätzt Iech gratis de Wäert vu Poppe, Stoftdéieren an Accessoiren an dat dëse Freideg 15.7. de Mëtteg nach bis 15h00 an e Freideg 5. August vun 14h00 bis 17h00 an e Samschdeg 6. August vun 11h00 bis 15h00 bei der Entrée HOBBI. Den Thomas Dahl huet iwwregens zanter 30 Joer seng eege Poppeklinik zu Bonn.

Méi Detailer fannt Dir op be.lu