Nei Agencen, nei Gebaier, nei Bussen!

RTL-Business 15.7.2022

De Familljebetrib Demy Schandeler vu Keespelt expandéiert weider. Schonn 2019 koumen zwou nei Reesagencen zu Stengefort an am Akafszenter Cloche d'Or derbäi.

Et gouf och weider an d’Infrastrukturen zu Keespelt investéiert : nieft der Vergréisserung vum Verwaltungsgebai huet Demy Schandeler och eng 2. Bushal gebaut an e weideren Dépôt bei Stengefort. No der Verdeelung vun den neien RGTR-Strecken huet Demy Schandeler d’lescht Joer dann och 50 % vu Voyages Schmit vu Schieren iwwerholl an elo och nach zu 100 % d’Busfirme Rapide des Ardennes vu Pärel a Voyages Koob vun Dikrech.

Duerch des Fusioune kann Demy Schandeler seng Busflott elo op 6 Halen zu Keespelt, Äischen, Stengefort, Schieren, Pärel an Dikrech verdeelen. Zanter 2019 ass de Familljebetrib vu 442 op 650 Mataarbechter gewuess an huet eng 500 Bussen a Minibussen am Fuerpark, an deem konsequent op d’Elektromobilitéit gesat gëtt. Eleng dëst Joer kommen nach 30 nei elektresch Busser an d’Flott derbäi, mat deenen néidegen neien Opluetstatiounen an den Depoten an d’Chauffeuren an d’Personal aus dem Atelier kréien déi passend Formatioune fir dat neit Material. Demy Schandeler moderniséiert dann donieft och seng Aarbechtsprozeduren a passt sech der aktueller Situatioun un.

Bei Demy Schandeler maachen se also keng hallef Saachen!