2 weider Statiounen
Den Tram fiert geschwënn op Bouneweg
17 Statioune vum 11. September un
Vun der Luxexpo bis bei d'Gare fiert den Tram elo scho laang laanscht a vum 11. September un ass et dann esou wäit, da fiert den Tram och bis op Bouneweg direkt bei de Lycée.
Et kommen domat also 2 Statioune bäi. Eng Kéier de „leschte Steiwer“ an dann och de Bouneweger Lycée.
Hei gëtt et dann ee vu 6 "Pôles d’Echanges".
Dat ass do wou den Tram d’Verbindung mat anere Verkéiersméiglechkeeten mécht. Am ganze ginn et dann elo 17 Statiounen.
Déi nei Streck ass 1.2 km laang an den Tram fiert hei iwwert de Pont Buchler, den extra méi breet gemaach ginn ass.
Vun der Gare op Bouneweg brauch ee mam Tram Ronn 3 an hallef Minutten.
Kuckt Iech dat un op www.luxtram.lu.
Am meeschte gelies