APL a Kiwanis Club organiséieren
Den History Vehicles Festival
Fir de gudden Zweck, den 3. a 4. September op der Zowaasch.
Auto Parts Lëtzebuerg vun Zéisseng, besser bekannt ënnert dem Numm APL, sinn zënter méi wéi 60 Joer an der 3. Generatioun, d’Referenzadress a Saachen Equipement fir den Auto an d’Garagen.
Sie engagéieren sech dëst Joer ganz speziell fir de gudden Zweck an zwar am Kader vum HISTORY VEHICLES FESTIVAL, organiséiert vum Kiwanis Club Esch-Uelzegt, den 3. a 4. September zu Lasauvage.
Gefierer, Musek, Kleedung a souguer eng Kiermes aus enger laang vergiessener Zäit erwaarden iech hei an dësem idylleschem Duerf, am Süde vum Ländchen, direkt un der franséischer Grenz.
Wieder Infoe fannt dir op Facebook an op www.history-vehicles.lu.
Am meeschte gelies