Eng Sensibiliséierung fir méi gesond ze liewen

RTL-Business 7.9.2022

De Cactus huet elo mam Stärekach René Mathieu déi 1. ökoresponsabel BD lancéiert. Am Januar d’lescht Joer hat de Cactus jo en nohaltegt Partenariat mam duebele Weltmeeschter an der vegetarescher Kichen ënnerschriww. Laut dësem soll dem Grand Public eng gesond, lokal, saisonal a vegetaresch Ernierung ouni Verschwendung vermëttelt ginn.

Ënnert dem Motto «Changeons! Agissons!» huet de Cactus also elo mam René Mathieu a sengem Associé Mario Willems eng Bande dessinée erausbruecht. De jonken a lëschtege Genre vun der BD sollen de Lieser ënnerhalen, mee och zum Nodenken ureegen, an, nach besser, zum Handelen. De Cactus huet jo schonn eng laang Erfarung mat BDen, wéi z.B. mat der Lëtzebuerger Iwwersetzung vum Astérix an Obélix, senge Comics-Sträifen am Lëtzebuerger Land oder mat de pedagogesche Yuppi-Hefter.

Dës nohalteg BD gëtt an de Cactus-Medie publizéiert, vun elo un a bis an de Summer 2023. Mat hir probéieren de Cactus an de René Mathieu de Konsument also op eng spilleresch Aart a Weis ze sensibiliséieren, fir säi Verhalen ze adaptéieren, zu Gonschte vun enger méi gesonder Zukunft. Méi Detailer fannt Dir op cactus.lu.

RTL-Interview mam Marc Hoffmann a René Mathieu