Den neien ULT Wanterkatalog 2022/2023 ass do!
Elo an all Agence vu Voyages Emile Weber, We love to travel, Voyages Flammang, Jerry Travel, Fensch Voyages, CFL Evasion a Voyages Unsen
Den neie Katalog 2022/2023 mat de Busreese vun der ULT ass elo do. An Zesummenaarbecht mat Voyages Emile Weber, Sales-Lentz a Voyages Unsen goufen éischtklasseg Reesen zesummegestallt. Vu Mëtt Oktober bis Mëtt Mee entdecken d’Cliente vun der ULT nees déi schéinst Plazen an Europa.
Ugefaang mam gëllenen Hierscht, op Adventsreesen, iwwer Chrëschtdag oder Silvester zu München, Wien oder an der Provence. Fir e Wanterzauber an de Bierger kënnt Dir all Woch mam Bus an de Schwarzwald, a Bayern an an Tirol fueren. Den Alpen Express bréngt Iech an der Fuesvakanz an déi beléiftst Skigebidder an der Schwäiz, an Éisterräich an a Südtiroul. Dir kënnt entweder just de Bustransfert buchen oder den Openthalt am Hotel mat derbäi.
Weider Highlighte fir ze entdecken a sech ze erhuele féieren Iech an d‘Toskana, op de Lago Maggiore oder an d‘Normandie. Vill schéi Souvenire bleiwe bei der Visitt vun der Chagall-Ausstellung zu Frankfurt, vum André Rieu-Concert zu Antwerpen oder bei der Show vun den Ehrlich Brothers zu Köln. Aktiv a kulinaresch Reesen, zu Fouss oder mam Vëlo, féieren Iech duerch déi belsch, italienesch an hollännesch Natur. Entdeckt Stied ewéi Stuttgart, Köln oder Hamburg an erlieft Musicals ewéi Moulin Rouge, Lion King oder d’Disney-Äiskinnigin.
Den ULT-Wanterkatalog 2022/23 kritt Dir elo an all Agence vu Voyages Emile Weber, We love to travel, Voyages Flammang, Jerry Travel, Fensch Voyages, CFL Evasion a Voyages Unsen an all weider Informatiounen op ult.lu.