Gratis Entrée a gratis Navetten

Nach bis den 11. September erméiglecht de CGDIS jidderengem en aussergewéinlechen Abléck an d’Pompjeeswiesen.

Hei fënnt d’World Rescue Challenge all Dag vun 9 Auer Moies bis Owes 6 an der Übungszon vum Centre National d’Incendie et de Secours zu Gaasperech statt.

72 Ekippen aus 17 Länner, 300 Participant’en trieden an iwwer 200 Competitiounen an de Kategorien «Rettung bei Verkéiersaccidenter» a «Mënscherettung» géinteneen un.

Parallel fënnt De Sonndeg vun 10 bis 6 den 2. Dag vun der ziviller Sécherheet ronderëm de CNIS um Boulevard Kockelscheier, dee fir den Traffic gespaart ass, statt.

Kommt laascht an entdeckt d’Missiounen an d’Vilfalt vum Pompjeeswiesen zu Lëtzebuerg an der Groussregioun, Ausstellunge vu Gefierer, Demonstratiounen an Animatioune fir Grouss a Kleng.

Et fuere gratis Navette vum P&R Kockelscheier, Stade de Luxembourg, Luxembourg-Sud a vun der Staater Gare fort an d’Entrée fir déi 2 Eventer ass och fräi.

09/09/2022 Business