70% vun den 360.000 Liter Offallwaasser ginn all Dag gefiltert an traîtéiert

RTL-Business 16.9.2022

D’Brasserie Nationale zu Käerjeng huet des Woch hir fonkelnei Kläranlag a Betrib geholl. Zanter 1980 huet d’Bofferdingsbrauerei mat 20 Milliounen Euro konsequent an d’Nohaltegkeet an an de Respekt vun eiser Ëmwelt investéiert, fir eis Ressourcen ze schounen. Esou konnt och d’Consommatioun vum Waasser scho konsequent erofgesat ginn an de leschte 40 Joer, mee dat neit Equipement suergt elo quarément fir eng Revolutioun.

Huet een an den 80er Joeren 12 Liter Waasser gebraucht fir ee Liter Béier, waren et der d’lescht Joer nach 4. Mat der Hëllef vum staatléche Programm „Neistart Lëtzebuerg“ goufen elo nach eng Kéier 2,2 Milliounen Euro an eng nei, technesch revolutionär Kläranlag vun der belscher Marque Pantarein investéiert. 70% vun den 360.000 Liter Offallwaasser ginn all Dag gefiltert an traîtéiert, fir se duerno nees kënne beim Botzen a beim Killen ze gebrauchen a fir Waasserdamp ze produzéieren.

Esou ginn also elo nëmmen nach 2,4 Liter Waasser gebraucht fir ee Liter Béier ze maachen. Dat si bal 50 % manner ewéi virun dem Investissement an des nei Technologie, mat där sech d’Brasserie Nationale an der Groussregioun an an der Welt eenzegaarteg als besonnesch nohalteg Brauerei positionnéiert. A well esou eng Anlag natierlech och Stroum brauch, an d’Präisdeierecht vun den Energiepräisser natierlech am Businessplang vun der Kläranlag nach net konnt virausgesi ginn, ginn déi Responsabel och nach eng Kéier e Schrëtt méi wäit andeems se an den nächste Méint och nach eng grouss Photovoltaikanlag mat 1000 Panneauë wäerten installéieren.

RTL-Interview mam Mathias Lentz