Geschwënn en 2. Haus zu Esch

RTL-Business 21.9.2022

Elysis um Kierchbierg, dat sinn 20 Joer am Déngscht vun de fleegebedierftege Leit. An zwee Joerzéngten hu sech d’Fleeg an d’Betreiung vun eelere Leit immens verännert.

Elysis huet sech hei ëmmer der Zäit ugepasst an Innovatioun an Exzellenz héich gehal. Mee si kucken och no vir! Déi nächst Etape wäert d’Ouverture vun engem zweeten Haus zu Esch sinn. 2023 bitt Elysis an der Minettemetropol ronn 130 geraimeg Zëmmere mat modernstem Komfort un. Elysis ass eng asbl an där d’Membere vum Verwaltungsrot benevole aktiv sinn. De But ass, Leit, déi op Fleeg ugewise sinn, esou séier wéi méiglech eng betreite Struktur ze fannen.

Well d’Waardelëschte virun 20 Joer laang waren an d’Offer kleng, huet Elysis innovéiert mat der Subskriptioun. Eng originell, assurancenähnlech Formel, déi engem d‘Garantie gëtt, séier ënner Daach ze kommen, wann ee Fleeg brauch, an dat zu engem faire Präis. Mat deem Konzept ass Elysis nach ëmmer eenzegaarteg zu Lëtzebuerg, getrei hirem Motto: "De Jore Liewe schenken".